arrow_back_ios

Al Schanken

Musek a Kultur / Al Schanken

/ Lemmy’s side project

Lemmy’s side project

The Head Cat war fir de Lemmy Kilmister seng Zort Niewebeschäftegung, wa seng Haaptband Motorhead mol Paus hat. Niewent him (Bass a Gesang) hunn nach den Drummer Slim Jim Phantom vun de Stray Cats an de Gittarist Danny B. Harvey (The Lonesome Spurs/The Rockats) matgemaach. Gespillt goufen al Rock ‘n‘ Roll Nummeren, Rockabilly an Hitten aus de foffzeger a sechzeger Joren. D’Head Cats goufen 1999 gegrënnt, nom Doud vum Lemmy (2015) huet den David Vincent (Morbid Angel) seng Plaz ageholl.

D’Band huet 5 Albumen (vun akustesch bis elektresch) opgeholl, hiren Optrëtt 2004 am Cat Club um Sunset Strip zu L.A. koum 2016 zousätzlech nach emol nei eraus. Virun 2 Joer war “Live In Berlin“ dee bis ewell leschte Release. Hirem Sound blouf den Trio ëmmer träi: rau an ongeschlaff (och wat d’Produktioun ugeet!) - eebe Rock ‘n‘ roll!

Déi 3 Lidder vu Chris Thompson, Richie Havens a Medi & the Medics sinn an Original-Kompositioune vum Bob Dylan.


Playlist:

1. Iggy Pop - Neon Forest (Brick By Brick, 1990)

2. Ian Hunter - Just Another Night (live) (Live In London, 2009)

3. Mick Taylor & Carla Olson - Silver Train (live) (Live: Too Hot For Snakes, 1991)

4. The Head Cat - Back In The USA (live) (Rock 'N' Roll Riot On Sunset Strip, recorded 2004, release 2016)

5. The Head Cat - Bye Bye Johnny (live) (idem)

6. David Bowie - Absolute Beginners (live) (Brilliant Adventure 1992 - 2001, release 2021)

7. David Bowie - Wild Is The Wind (live) (idem)

8. Chris Thompson - Father Of Day (live) (Jukebox, 2015)

9. Richie Havens - Tombstone Blues (I’m Not There, 2007)

10. Medi & the Medics feat. Charlie Winston - Like A Rolling Stone (single, 2009)

11. Eric Clapton - Badge (live) (24 Nights, 1991)

Episoden

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow

The Jayhawks live

The Jayhawks kommen aus Minnesota a sinn zanter 1984 Vertrieder vum Alternative country, enger Mëschung aus Folk, liichtem Rock a Songwriting.
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Special Rolling Stones

Mam neien Album “Hackney Diamonds“ sinn d’Rolling Stones erëm an aller Mound an Ouer! Mir proposéieren e Réckbléck op hir Karriär, déi virun enge 60 Joer ugefaangen huet.
headphones

120 min

play_arrow