Biotop
Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung
11 min
Et gi siwen einheimesch grouss Muschelaarten zu Lëtzebuerg, souwéi eng Rei méi kleng Aarten:
z. B. dräi Muschelaarten, déi a Weieren oder a grousse lues fléissende Gewässer virkommen. Wéi déi ofgeplatt Weiermuschel, déi kleng Weiermuschel oder déi grouss Weiermuschel, déi ëmmerhi bis zu 23 cm grouss ka ginn.
Donieft gëtt et nach dräi Aarte mam Numm Unio, wéi z. B. déi opgeblose Flossmuschel, d'Baachmuschel an d'Molermuschel. Déi Lescht huet eng verlängert Form a gouf, wéi hiren Numm et seet, fréier dacks vu Moler benotzt, fir Faarwen an den eidele Schuelen ze vermëschen.
Déi siwent Aart ass d'Flosspärelmuschel. Dës ass ganz empfindlech a fënnt een an de leschte Jore leider a kengem eenzege Floss méi hei zu Lëtzebuerg.
Detailer mam Frankie Thielen, Biolog a Responsabele vun der Muschelzuuchtstatioun Kalbermillen vun natur&ëmwelt
Presentéiert vum
- Angie Maquil