Biotop
Wäibau an Naturschutz
12 min
Wann een un d’Muselregioun an d’Wéngerten denkt, denken déi meescht Leit als éischt un e gutt Glas Riesling oder Cremant. Dobäi huet dës Regioun mat hirer typescher Wäibaulandschaft nach vill méi ze bidden. De waarme Mikroklima laanscht d’Musel suergt nämlech net nëmmen dofir, datt d’Drauwen zeideg ginn, mee huet och dozou geféiert, datt sech hei eng ganz speziell Aartevillfalt u Planzen an Déieren ugesidelt huet, déi ee soss zu Lëtzebuerg net esou dacks gesäit. Vu more Wise mat Orchideeën iwwer Dréchemaueren an och ville seelene Bestëbseraarten fënnt een hei eng ganz Panoplie u verschiddene Strukturen an Aarten, déi lues a lues aus eiser Landschaft verschwannen.
Besonnesch de staarke Réckgang vun de Bestëbser-Insekten, dee bedéngt ass duerch d’Versigele vun de Flächen, den Asaz vu Pestizidien an d’Verschwanne vun den natierlechen Narungsquellen a Liewensraim vun de Wëllbeien, Päiperleken a Co, ass héich problematesch fir eis. An Europa ass momentan 1 vun 10 Beien- a Päiperleksaarte vum Ausstierwe bedrot. Well déi meescht vun eise Planzen op d’Bestäubung vun Insekten an aneren Déieren ugewise sinn, stellt dëse Réckgang och eng direkt Gefor fir eis Liewensmëttelproduktioun an domat eis Existenz duer. Ronn 15 Milliarden Euro ass de Wäert vun der landwirtschaftlecher Produktioun an der EU, deen op d’Bestëbsen duerch d’Insekten ugewisen ass. Och wann d’Riewen net op d’Insekte fir d’Bestäuben ugewise sinn, profitéiere si trotzdeem vun der héijer Diversitéit an engem aarteräiche Wéngert. Aus deem Grond setzt de SIAS sech och speziell laanscht d’Musel mat verschiddene Projete fir d’Bestëbser an.
Detailer mam Tom Dall‘Armellina vum SIAS
Presentéiert vum
- Angie Maquil