100komma7.lu / Biotop

/ Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

9 min

Wann een nei Planze keeft huet ee meeschtens schonn eng Plaz am Kapp, wou déi solle geplanzt ginn.

Hei ginn et zwee grouss Beräicher, déi een ënnerscheede kann, dat ass engersäits den urbane Raum, also den normale Gaart ronderëm d’Haus oder eng Terrass oder ee Balcon. Op der anerer Säit gëtt et nach déi fräi Landschaft, sief dat elo déi oppe Gewan oder d’Bëscher.

Un Hand vun der Andeelung kann een eigentlech festleeën, op wat ee soll oppassen.

An de Geschäfter kritt ee jo ganz vill verschidde Planzen ze kafen. Do sinn dacks Planzen dobäi, déi net vun hei sinn, also net einheimesch sinn. Dat kënnen zum Beispill Hecken a Sträicher sinn, déi dat ganzt Joer iwwer gréng sinn oder Blummen, déi schéi bléien.

De Gaart doheem ronderëm d’Haus ass e Beräich am urbane Raum, dee vum Mënsch geplangt ass, a vill Funktiounen ze erfëllen huet. Hei spille Planzen och eng wichteg Roll, si sollen zum Beispill schéin ausgesinn oder als SiIchtschutz funktionéieren. Hei fënnt een dann och Planzen, déi net einheimesch sinn, awer dofir d’Funktioune vum urbane Raum gutt erfëllen.

An der oppener Landschaft, déi méi sech selwer iwwerlooss ass, kommen haaptsächlech natierlech Planze vir, dofir réit den Nick Heiter vun der biologescher Statioun vum Gemengesyndicat SIAS, an deem Beräich och nëmmen einheimesch Aarten ze planzen.

Episoden

Bëschaarbechten am Hierscht | © Adobe Stock

Bëschaarbechten am Hierscht

Mam Ufank vum Hierscht fänkt och déi intensiivst Aarbechtszäit am Bësch un.
headphones

6 min

play_arrow
Wuerzelwierk – den nohaltege Bauerenhaff erliewen | © Visit Luxembourg

Wuerzelwierk – den nohaltege Bauerenhaff erliewen

Wuerzelwierk ass en neie Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, bei deem Schüler:innen eng nohalteg Landwirtschaft zu Lëtzebuerg konkret um Terrain entdecke kënnen.
headphones

10 min

play_arrow
Wien ass de neie Star? de Feldspatz, den Dommendéck oder den Hauwendaucher | © Bigstock

Wien ass de neie Star? de Feldspatz, den Dommendéck oder den Hauwendaucher

Wie gëtt de Vull vum Joer 2027
headphones

6 min

play_arrow
D’Mëllerdaller Produzenten gestalten zesummen hir Zukunft. | © LEADER

D’Mëllerdaller Produzenten gestalten zesummen hir Zukunft.

Wat entsteet, wa regional Produzentinnen a Produzenten hir Kräfte bündelen?
headphones

9 min

play_arrow
Mir ginn eraus mat der Naturverwaltung | © Bigstock / romansl

Mir ginn eraus mat der Naturverwaltung

Bei dësem waarme Summerwieder zitt et ëmmer méi Leit eraus an d’Natur an eis Bëscher verspriechen Erhuelung vun der Hëtzt.
headphones

10 min

play_arrow
LEADER ass eng wichteg Initiativ fir ländlech Regiounen | © LEADER Lëtzebuerg

LEADER ass eng wichteg Initiativ fir ländlech Regiounen

LEADER ass eng europäesch Initiativ, déi zënter 35 Joer innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung a ländleche Regiounen ënnerstëtzt. Momentan gëtt d’Zukunft no 2028 geplangt.
headphones

10 min

play_arrow
Wéngerten: Liewensraum fir eis Bestëbser | © Bigstock

Wéngerten: Liewensraum fir eis Bestëbser

Firwat d’Muselregioun mat hire Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg ass, mee och eng wichteg Roll fir eng ganz Panoplie un Insekten an Déierenaarte spillt.
headphones

10 min

play_arrow
Fliedermais – Faszinéierend Fluchkënschtler an der Nuecht | © Bigstock

Fliedermais – Faszinéierend Fluchkënschtler an der Nuecht

Ronderëm d’Fliedermais schwieft schonn zënter ëmmer eng mysteriéis an onheemlech Aura. Mee wat stécht dohannert a wéi gesäit d’Liewe vun enger Fliedermaus iwwerhaapt aus?
headphones

13 min

play_arrow
Eng aner Vue op d’Natur am Naturschutzzenter Mirador | © Bigstock

Eng aner Vue op d’Natur am Naturschutzzenter Mirador

Am Naturschutzzenter Mirador erliewen d‘Schüler:innen d’Natur duerch eng praxisno an interaktiv Approche.
headphones

9 min

play_arrow
Green Events | © Bigstock

Green Events

Eventer zu Letzebuerg nohalteg geduecht, geplangt an emgesat, dat ass d’Essenz vu "Green Events“, eng Initiativ vum Ëmweltministère.
headphones

10 min

play_arrow
Geméis vum Grill | © Bigstock

Geméis vum Grill

Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
headphones

8 min

play_arrow
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen | © LEADER Zentrum Westen

Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen

„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
headphones

9 min

play_arrow
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun | © Bigstock

Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun

Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
headphones

11 min

play_arrow
D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef | © Bigstock

D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef

Schéin unzekucken awer och immens nëtzlech.
headphones

17 min

play_arrow
Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum | © Liz Hacken

Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum

Als Ergänzung zum LEADER-Programm ënnerstëtzt d’Duerfentwécklung Infrastrukturprojeten, déi der lokal Bevëlkerung ze gutt kommen.
headphones

5 min

play_arrow
De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul | © Bigstock

De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul

De Lycée am Fokus: nohalteg - wëssenschaftlech - praktesch
headphones

11 min

play_arrow
Centre nature et forêt Ellergronn | © CNF Ellergronn

Centre nature et forêt Ellergronn

Fréijoer am Naturschutzgebitt Ellergronn
headphones

7 min

play_arrow
Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten | © SIAS

Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten

Libellen esou grouss wéi Falleken, Fangmasken, Paarungsrieder: mir ginn Iech e klengen Abléck an déi skurril Welt vun de Libellen.
headphones

12 min

play_arrow
Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit | © Bigstock

Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit

De Klimawandel verännert Bléizäiten, stéiert d’Zesummespill tëschent Planzen an Insekten a verlaangt méi flexibel Naturschutzaarbecht.
headphones

10 min

play_arrow
Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt | © Leader

Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt

Den aktuellen LEADER-Projet vun der Kooperativ „Lokal Produkter va Wëntger".
headphones

9 min

play_arrow