arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1,65 Euro de Liter Bensinn, 1,82 Euro de Liter Diesel - Clientë maache sech Suergen

Energie

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

1,65 Euro de Liter Bensinn, 1,82 Euro de Liter Diesel - Clientë maache sech Suergen

Wärend d'Politik iwwer méiglech Schrëtt diskutéiert, fir d'Präisschwankunge bei den Energiepräisser an de Grëff ze kréien, erreechen d'Tariffer op de Bensinnsstatioune weider Héchstwäerter. Den Tank vun hirem Auto opfëlle mussen d'Chaufferen trotzdeem.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© EPA/NEIL HALL
(Foto: EPA/NEIL HALL)

Virun allem fir d'Leit aus der Grenzregioun lount sech den Ausfluch op Lëtzebuerg an dësen Zäiten ëmsou méi. Ëm 17 Cent de Liter beim 95er Bensinn a 36 Cent de Liter beim Diesel sinn d'Präisser zënter dem Ufank vum US-israeeleschen Ugrëff op den Iran geklommen. 

"Dass der Krieg zu Ende geht. wäre das beste für die ganze Welt"

An d'Präisser klamme weider. Eng Berouegung um Marché ass net a Siicht. Op enger Tankstell zu Waasserbëlleg weise sech d’Clienten am Gespréich mam Radio 100,7 resignéiert - et hellt een d’Situatioun, wéi se ass, och wa se wéideet - a sech esou muncher ee Suerge mécht.

"Ja, natürlich, weil wie jeder, bin ich auch angewiesen auf das Auto, da ich relativ ländlich wohne, und ja, bei uns ist nicht viel mit Bus oder sonstigem, also brauche ich mein Auto, ja, und das geht natürlich ins Geld momentan." 

Oder nach: 

"Wir können nichts ändern, wir müssen es nehmen, wie es kommt, und versuchen, dass der Krieg mal zu Ende geht, ganz einfach, das wäre natürlich am allerbesten für die ganze Welt, ganz einfach, nicht nur für die Spritpreise." 

Am 100,7-Interview hat de President vum Brancheverband vun den Tankstellebedreiwer, den Eric Bleyer, virun e puer Deeg erkläert, datt een dovunner ausgoe misst, datt d’Präisser nach weider klammen.

"Knapp 40 Euro, die man gespart hat"

Mat engem extreemen Undrang op de lëtzebuergeschen Tankstelle géif een trotzdeem net rechnen, hat den Eric Bleyer erkläert. Bei esou héije Präisser misst een éischter dovun ausgoen, datt d’Leit hire Spritverbrauch reduzéieren. 

Den Ausfluch op Lëtzebuerg bleift fir d’Leit aus dem Grenzgebitt esou oder esou rentabel. Op dësem Mëttwochmoien zu Waasserbëlleg si vill Visiteure Stammclienten, déi bei hirem Stopp zu Lëtzebuerg dat Noutwennegt mat deem Nëtzleche verbannen. 

"Jetzt sind ja hier auch ein bisschen die Preise gestiegen die letzten Tage, aber sonst war es davor, das war ein bis zu 50 Cent Unterschied und wenn man dann 70 Liter tankt, sind das knapp 40 Euro gewesen, die man gespart hat." 

Zu Waasserbëlleg trëfft een awer och vereenzelt op Leit, déi laanscht déi héich Spritpräisser kommen - an déi et aus anere Grënn op déi Lëtzebuerger Bensinnsstatioune lackelt. 

"Ich fahre ein E-Auto und bin jetzt nicht von den Spritpreisen betroffen, da bin ich sehr froh drüber. Ich bin nach Luxemburg gekommen, um Kaffee zu kaufen."

Op de Lëtzebuerger Tankstellen an der Grenzregioun mat Däitschland gëtt et den Ament eng héich Demande, den Ausfluch op Lëtzebuerg fir d’Clienten aus der Grenzregioun bleift trotz Rekordpräisser rentabel - dëst awer dacks och a Kombinatioun mat engem groussen Akaf.

play_arrow Lauschteren