D’Konzentratioun wier wichteg, seet de Wäikontrolleur Paul Thill. Cremant ze schmaache wier ëmmerhi richteg Aarbecht.
180 Cremantspréiwer a -préiwerinnen aus Frankräich a Lëtzebuerg hate sech zesummefonnt fir - alles an allem - 450 Cremanten aus 9 verschidde Regiounen ze schmaachen. Et war fir déi 35. Kéier, datt d’Wënzer:inne beieneekoumen, fir no de beschte Cremanten aus Lëtzebuerg a Frankräich ze sichen. Mee wat mécht e gudde Cremant aus? Dozou d’Kellermeeschtesch vun den Domaines vins moselles, Charlène Muller.
Cremant muss crèmeg sinn ...
"An der Nues muss et fruchteg oder uspriechend sinn, am Mond muss e gudden Equiliber tëschent Zocker a Saier sinn an eng gutt generell Impressioun, also et muss einfach Spaass maachen."
De Stephan Krämer vum Bernard Massard leet beim préiwe vum Cremant besonnesche Wäert op d’Crèmegkeet:
"Eng Eleganz an dann natierlech d’Mousse, feinpäreleg, dann eng nohalteg Crèmegkeet am Ofgang an och den typesche Cremant vun der Feinheet. Also an der Nues muss et elegant sinn. Friichten, e bëssen Zitrus, e bësse Piisch oder aner Friichten."
... dierf awer net ze vill spruddelen
De Cremant dierft awer op guer kee Fall no Stopp schmaachen. Grad esou wichteg wier fir den Alain Bichon aus dem Val de Loire, datt en net ze vill spruddelt.
"Je pense que ça masque un petit peu après les arômes du vin et beaucoup de choses, ça submerge tout le reste. En fait lorsque vous avez une effervescence qui est plus fine, plus douce, et je pense que après il faut y en aller."
Wäi schmaache spillt sech net just am Mond of, och d'Faarf an de Geroch vum Cremant kënnen en Afloss op d’Nott hunn, déi d’Préiwer dem Cremant ginn.
D'Regioune kann een net vergläichen
Déi 180 Préiwer gi beim Concours op 30 Dëscher mat jeeweils 6 Jurysmember opgedeelt, erkläert d’Claire Sertznig vu Crémants Luxembourg. D'Cremante ginn no verschidde Regiounen a Kategorie geschmaacht. D'Fläsche ginn dobäi anonymiséiert.
"Si kréie wuel d'Regioun genannt an och zu wéi enger Kategorie, datt se si schmaachen an da schmaache si a gi Punkte bis op 20."
All Dësch schmaacht eng 15 verschidde Cremanten aus enger spezieller Regioun. Dat wier wichteg, well een d’Regiounen ënnerteneen onméiglech kéint vergläichen, seet de Wäikontrolleur Paul Thill.
"Et ass vun der Maachaart hier dat selwecht (...). Mee déi hunn e ganz anert Klima, déi hu ganz aner Biedem, déi hu ganz aner Drauwenzorten, déi se an der Cuvée verschaffen."
Lëtzebuerger Cremante kënnen duerchaus mathalen
Als Ursprongsland vum Cremant gëllt Frankräich dacks als Referenz. De Lëtzebuerger Cremant kéint vun der Qualitéit hier awer duerchaus mathalen, fënnt och de President vun der franséischer Federatioun vun de Cremantsproduzenten Dominique Furlon:
"Là vous avez au Luxembourg des cépages, voilà, très frais. Comme par exemple vous avez du pinot noir, du pinot gris, vous avez des cépages typiques, qui donnent beaucoup de fraîcheur à ce type de produit."
140 vun de 450 Cremante kréien eng Auszeechnung
Um Enn vum Concours ginn déi bescht Cremante mat enger Medail ausgezeechent. Fir den Dominique Furlon ass d’Bedeitung vun esou enger Medail immens wichteg.
"C'est vraiment un jury de professionnels spécialisé dans les effervescents. Donc cette reconnaissance-là, c'est vraiment une reconnaissance professionnelle."
E Cremant, deen eng Medail krut, géif sech natierlech och duerno besser vermaarten a verkafe loossen, esou nach d’Cremantsexperten. Um Enn vum Concours sinn et awer just knapp 150 vun de 450 Cremanten, déi sech iwwer eng Auszeechnung kënne freeën.