arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ONA-Direkter-Poste gëtt ausgeschriwwen - ITM bleift Kontrollinstanz fir ONA-Gebaier

Office national de l’accueil

|
reading time

3 min

ONA-Direkter-Poste gëtt ausgeschriwwen - ITM bleift Kontrollinstanz fir ONA-Gebaier

Den Yves Piron, Direkter vum Office national de l’accueil, wäert säi Mandat, dat Enn des Jores ausleeft, net verlängeren, huet den DP-Familljeminister Max Hahn an enger Chamberkommissioun bekannt ginn. Den Direkter-Poste vum ONA géif domat an de nächste Wochen ausgeschriwwe ginn.

reading time

3 min

Yves Piron | © Screenshot aus der Iwwerdroung vun der Chamberkommissioun
Yves Piron (Foto: Screenshot aus der Iwwerdroung vun der Chamberkommissioun)

D’Finanz-Inspektioun IGF ha an der Familljekommissioun en Audit iwwer de Fonctionnement vun den ONA-Foyer presentéiert. D’Flüchtlingsstrukture wieren zënter Joren iwwerbelaascht an et géif un enger klorer an och laangfristeger Strategie feelen, heescht et am Audit. 

ONA als Etablissement public wier intressant

Weider mécht den Audit op Problemer an der Gouvernance opmierksam. Eng ganz Partie Leit hätte mat CDDe just zäitlech begrenzten Aarbechtskontrakter. Doduerch géif wichtege Know-How verluer goen an de Suivi vun den Dossiere wier méi schwéier. 

D'IGF proposéiert aus der Verwaltung een Etablissement public ze maachen. Den DP-Minister Max Hahn fënnt déi Propos intressant. 

"Ech fanne virun allem, datt mer do kéinten de Verwaltungsrot esou besetzen, datt déi vill concernéiert Ministèren do vertruede wieren, wat ganz utile ass." 

Hie géif awer nach méi wäit denken. 

"Dofir bréicht een net onbedéngt den Etablissement public, mee kucken: Kéint net den ONA selwer eng Kéier, net muer leider, mee selwer bauen an domat vläicht och méi séier ginn am ganze Prozess." 

D’Finanz-Inspektioun proposéiert iwwerdeems, datt wann de Staat eng Struktur keeft, Leit och schonn an der Planungsphase vun Ëmbauaarbechte kënnen ënnerbruecht ginn.

Chronesch Iwwerlaaschtung vun de Strukturen

Eng Mesür, déi de Marc Baum vun déi Lénk begréisst.

"Dat hänkt natierlech vun de Strukturen of. Et muss ee kucken, datt déi konform sinn, datt se digne sinn an dezent sinn. Dat hänkt natierlech vu Fall zu Fall of." 

Domat kéint een dofir suergen, datt alles manner laang wéi elo dauert. 

"Heiansdo dauert et bis zu fënnef, sechs Joer vun der Planifikatioun bis dann eppes wierklech ëmgesat ass. Fir do awer zumindest mol innovativ Weeër unzedenken, fannen ech net falsch." 

Well obwuel d’Zuel vun de Better zënter 2019 vu ronn 4.000 op méi wéi 8.000 geklommen ass, notéiert d’IGF eng chronesch Iwwerlaaschtung vun de Strukturen.

Alt nees de Logementsproblem

Am Audit gëtt och kritiséiert, datt d’Strukturen an e puer Gemengen, déi sech fräiwëlleg gemellt hunn, konzentréiert wieren. Et misst eng besser Verdeelung iwwer dat ganzt Land ugestrieft ginn.

Aktuell sinn 9.000 Mënschen an den ONA-Foyer ënnerbruecht. D’Strukturen, déi fir den éischten Accueil vu Refugiéen zoustänneg sinn, wieren ënner anerem och esou iwwerlaascht, well d’Leit keng Wunneng um Marché fannen, esou nach e Constat aus der Chamberkommissioun.

Bezuelbare Wunnraum speziell fir d’BPIen – also Leit déi eng Openthaltsgeneemegung kritt hunn – kann de Minister Max Hahn sech awer net virstellen.

ITM kontrolléiert weiderhin d'Gebailechkeete vum ONA

An der zoustänneger Chamberkommissioun ass de Max Hahn iwwerdeems zeréckgeruddert an huet kloer gestallt: D'Gebailechkeete vun den ONA- Flüchtlingsstrukture gi weider vun der Gewerbeinspektioun ITM kontrolléiert.

De Familljeminister hat am Februar en neie Reglementsprojet presentéiert. Deen als Konsequenz gehat hätt, datt an Zukunft net méi d'ITM, mee den ONA Foyer selwer, fir d'Kontroll vun de Sécherheetsstandarden zoustänneg gi wier.

D'Oppositioun an och verschidden Acteure vum Terrain haten dës Entscheedung schaarf kritiséiert. D’Djuna Bernard vun déi gréng, déi den DP-Minister heirop ugeschwat huet, huet sech no der Kommissioun zefridde gewisen. D'Suergen, déi opkomm wieren, wiere berechtegt gewiescht. 

"Ech sinn net der Meenung, datt eng Institutioun selwer kann d'Kontroll vun hirer eegener Sécherheet maachen. Et ass eng vill méi onofhängeg Positioun, wann d'ITM dat mécht. Natierlech muss d'ITM och déi néideg Moyenen, déi néideg Effikassitéit hunn, fir dat kënnen adaptéiert ze maachen." 

De Staatsrot hat an engem Avis Bedenken zu dëser geplangter Ännerung geäussert.