arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fussball-Nationalekipp bei den Dammen huet een neien Trainerduo

Sport

|
reading time

1 min

D'Fussball-Nationalekipp bei den Dammen huet een neien Trainerduo

D’Cristina Correia an den Daniel Zirbes iwwerhuelen am Duo d’Damme-Nationalekipp als nei Nationaltrainerin an neien Nationaltrainer. Dat huet d’FLF op hirer Websäit matgedeelt.

reading time

1 min

Cristina Correia (l.) an Daniel Zirbes | © FLF
Cristina Correia (l.) an Daniel Zirbes (Foto: FLF)

Si ersetzen domat den Dan Santos, dee vu sengen Aufgabe viru knapp zwou Wochen entlooss gouf, wéinst dem Virworf vun inappropriéierte Messagen u Spillerinnen.

D’Cristina Correia ass aktuell Member am Trainerstaff vun der Dammennationalekipp. Den Daniel Zirbes ass Trainer an der Fussballschoul vun der FLF.

Si géifen hiren neie Poste mat Effet immediat untrieden, esou d’FLF.