arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'Fussball-WM gëtt nees e Public Viewing um Glacis organiséiert

Sport

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Fir d'Fussball-WM gëtt nees e Public Viewing um Glacis organiséiert

D’Fussball-WM an den USA, Mexiko a Kanada wäert live um Glacis iwwerdroe ginn. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um City Breakfast ugekënnegt. Beim Public Viewing wäert all Spill vun der Aachtelsfinall un (dat bis spéitstens um 21 Auer owes ugepaff gëtt) gewise ginn.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Weltmeeschterschaft leeft vum 11. Juni bis den 19. Juli. Wéinst dem Zäitënnerscheed wier de Public Viewing net esou evident, erkläert d’Lydie Polfer.

“De Public Viewing vum World Cup ass um Glacis vun der Aachtelsfinall un. An dat ass eebe relativ komplizéiert duerch den Zäitënnerscheed. Mir iwwerdroen net déi Saachen, déi an der Nuecht sinn.”

Vum 4. Juli bis den 19. Juli wäerte jiddefalls Matcher sinn, esou nach d’Stater Buergermeeschtesch.

Geschriwwe vum Luca Di Santolo

play_arrow Lauschteren