arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Iwwerleeungen: Golkipper Anthony Moris spillt weiderhi fir d'Rout Léiwen

Fussball

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

No Iwwerleeungen: Golkipper Anthony Moris spillt weiderhi fir d'Rout Léiwen

De Golkipper vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp, den Anthony Moris, wäert och weiderhi fir d’Rout Léiwe spillen. Dat huet hien an enger Medieronn annoncéiert. Den Anthony Moris hat d'lescht Joer nach driwwer nogeduecht, ob hie seng Karriär bei der FLF géif weiderféieren oder net.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Den Anthony Moris | © EPA/SALVATORE DI NOLFI
Den Anthony Moris (Foto: EPA/SALVATORE DI NOLFI)

An der WM-Qualifikatiounscampagne war hie weider Deel vum Kader. Elo huet hie wësse gedoen, datt och no de Playoff-Matcher géint Malta fir hien net Schluss ass.

Krich am Noen Osten: Moris mécht sech Gedanken

D’Entscheedung, ob hien och iwwer de Summer eraus bei sengem Veräin a Saudi-Arabien bleift, wier dogéint nach net endgülteg gefall. Obschonns hie vum Krich am Mëttleren Osten bis ewell näischt matkritt hätt, géif hie sech Gedanke maachen, seet den Anthony Moris: 

"C'est d'abord la famille, donc il faut que ma femme et mes enfants se sentent à l'aise de revenir en Arabie. Donc ça va être un choix très important dans ma décision finale. Et la sélection, c'est sûr et certain que tant que le sélectionneur m'appellera, je viendrai en courant, parce que je suis très fier de jouer à chaque fois pour le Luxembourg."

En Donneschdeg den Owend ass hien zesumme mat senge Coequipieren am Allersmatch vum UEFA Nations League Playoff géint Malta gefuerdert. Fir d’Rout Léiwe geet et drëm, net an d’Liga D ofzesteigen. 

play_arrow Lauschteren