Viru méi ewéi engem Joer op Chrëschtdag huet de Grand-Duc Henri a senger Chrëschtdagsried et annoncéiert a praktesch 25 Joer no sengem Papp, gouf de Grand-Duc Guillaume an der Chamber vereedegt.
Politesch neutral sinn
Hien huet virum Chamberpresident Claude Wiseler den Eed ofgeluecht.
"Je jure d'observer la constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles. Et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles. Ech ginn Iech heimat Acte vun ärem Eed."
De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried ënnerstrach, datt hie politesch neutral wéilt sinn.
"Ech wäert d'Flichten, déi mat dësem Eed verbonne sinn, an déi d'Verfassung mir operleet, mat Verantwortung, mat Integritéit a mat Engagement erfëllen. Eis Demokratie brauch staark Institutiounen an ech sinn houfreg, mäin Deel dozou bäizedroen. Dofir verspriechen ech, politesch ëmmer neutral ze sinn an eis demokratesch Grondprinzippien ze verdeedegen."
Honnerte Leit virum Palais
Fir déi Zeremonien, souwuel am Palais, ewéi an der Chamber, mee och dono bei der offizieller Rezeptioun, ware Membere vun de Kinneksfamillen aus Holland an der Belsch present.
Mat invitéiert waren de franséische President Emmanuel Macron, grad ewéi de Bundespresident Frank Walter Steinmeier.
A virum Palais hate sech Honnerte Leit versammelt, fir déi nei groussherzoglech Koppel um Balcon ze gesinn.
D'Rout Bréck an de Glacis am Mëttelpunkt
Déi nei groussherzoglech Koppel gouf um Samschdeg zu Gréiwemaacher, Diddeleng, Stengefort a Wolz empfaangen. Ee groussen Event gouf et dann owes op der Rouder Bréck, wou de Benevolat an den Tram am Mëttelpunkt stoungen.
Méi spéit gouf et dann ee grousse Concert um Glacis. Trotz Wand a Reen huet sech den neie Grand-Duc do un de Public adresséiert.
"Haut war et fir mech wichteg, dësen Dag mat Iech ze feieren. Merci fir Ären häerzegen Empfang zu Gréiwemaacher, zu Wolz, zu Stengefort, zu Diddeleng an hei op der Rouder Bréck mat esou ville Vertrieder vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an elo mat Iech hei alleguerten um Glacis."
Den Ofschloss vun de Feierlechkeete war den Tedeum sonndes an der Kathedral.
Déi Festivitéiten iwwer 3 Deeg hunn dem Staat an der Stad Lëtzebuerg am Ganze ronn 14 Millioune kascht.