Russland hat déi kleng Stad Butscha um Ufank vum Aggressiounskrich besat a gouf duerno responsabel gemaach fir de Massaker vu ronn 460 Mënschen, bal all Zivilisten. Analyse vun hire Läichen, déi zu Butscha fonnt goufen, hu gewisen, datt d‘Affer gefoltert, erschloen oder erschoss goufen.
An déi russesch Dronen-Attacken an der Ukrain gi virun. An der Stad Poltawa, am Zentrum vum Land, ass hënt eng Persoun bei enger russescher Dronen-Attack ëm d‘Liewe komm, esou de Gouverneur vun der Regioun.