Déi amerikanesch Emissäre solle fir d’éischt op Kiew kommen an dono op Moskau reesen.
Iwwerdeems geheit de Wolodymyr Selenskyj Moskau eng Eskalatioun vir, amplaz op d‘Propos vun engem Ouschterfridden anzegoen.
Russland bombardéiert d'Ukrain op en Neits massiv
Déi ukrainesch Haaptstad Kiew gouf de ganze Moie massiv vu russeschen Dronen a Rakéiten attackéiert. Och déi ostukrainesch Stad Kharkiv gouf zënter gëschter permanent aus der Loft ugegraff. Dobäi goufe 5 Persoune blesséiert.