Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
search

/ Präissubventioune beim Stroum: "D'Stéit kréie selektiv gehollef"

Energie

Präissubventioune beim Stroum: "D'Stéit kréie selektiv gehollef"

D’Präissubventioun fir Stroum gëtt och am Joer 2025 bäibehalen, fir eng méiglech Präiserhéijung op maximal 30 Prozent ze limitéieren. Dat huet d’Chamber gëschter um Mëttwochowend decidéiert. Subventioune fir Gas, Mazout a Pellets ginn awer net verlängert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Fir ze erklären, wéi sech dat op d'Leit auswierkt, huele mir e Beispill: Dëst Joer huet d'Famill Wagner 100 Euro de Mount fir Stroum bezuelt. Ouni d'Subventioun géif de Präis ëm 60 Prozent klammen. Dat wieren 160 Euro. Mat der Subventioun klammen d'Käschten awer just ëm 30 Prozent, also op 130 Euro. D'Famill spuert deemno 30 Euro duerch d'Subventioun, déi d'Regierung och 2025 wäert bäibehalen.

Kee Besoin fir eng pauschal Hëllef

Dës Hëllef gëllt awer net méi fir Gas, Mazout a Pellets. D'Majoritéit argumentéiert, datt d'Präisser zeréckgaange sinn, an dës Hëllefen net méi néideg wieren, erkläert den CSV-Deputéierte Jeff Boonen.

"Also hei gëtt keen an der Keelt sëtze gelooss, mee d'Stéit kréie selektiv gehollef. A mir brauchen dofir keng pauschal Ënnerstëtzung.“

Eng Motioun vum David Wagner vun déi Lénk fir all Energiehëllefen nach ee Joer ze verlängeren, gouf mat 35 Nee-Stëmme géint 21 Jo-Stëmme bei 4 Abstentiounen ofgeleent. Hien huet gewarnt, datt dëst déi sozial Ongläichheete verschäerfe kéint.

"Also muss ee wéinstens ee Joer méi déi Hëllefen erweideren, verlängeren, fir datt d'Leit, zemools d'Leit, an net just déi Äermst, mee awer och e groussen Deel vun de Mëttelschichten, déi awer ugewise sinn op déi verschidde Quelle vun der Energie, net nach méi an d'Aarmut oder an d'Risike vun der Aarmut kënne falen."

Regierung reagéiert op Kritik

D'Regierung ass net averstane mat dëser Kritik a betount, datt geziilt Hëllefe besser wierken. Den Energieminister Lex Delles huet ervirgehuewen, datt d'Energieprimm verdräifacht gëtt.

"Dat heescht, hei hu mir grad e ganze Paquet gemaach, fir op där enger Säit de Phasing out ze maachen, op där anerer Säit awer och mat den Energieprimmen nach ze kucken, dass grad déi, déi et am néidegsten hunn, nach vill méi kënnen ënnerstëtzt ginn an och méi breet ënnerstëtzt ginn, dat och nach automatesch kréien."

Lëtzebuerg bleift ee vun de leschte Länner an Europa mat engem Präisdeckel op de Stroumpräis. 

Lauschterenplay_arrow