search

/ Premier Luc Frieden schwätzt sech fir d’Mercosur-Fräihandelsofkommes aus

Greenpeace

|
headphones

1 min

Premier Luc Frieden schwätzt sech fir d’Mercosur-Fräihandelsofkommes aus

A senger Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premier Luc Frieden gëschter um Dënschdeg ugekënnegt, datt Lëtzebuerg dem Mercosur-Fräihandelsofkommes zoustëmme wëll. E Schratt dee vu Greenpeace staark kritiséiert gëtt.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

D’Ofkommes géif katastrophal Konsequenze fir den Ëmweltschutz an de Klima mat sech bréngen, warnt d’international Ëmweltorganisatioun. Elo fuerdert Greenpeace déi lëtzebuergesch Regierung dozou op hir Entscheedung fir d’Ofkommes nach eemol ze iwwerdenken.

EU-Memberlänner si sech net eeneg

D’Mercosur-Ofkommes soll eng Fräihandelszon tëscht der EU an de 4 südamerikanesche Länner Paraguay, Uruguay, Argentinien a Brasilien etabléieren. Zu den europäesche Länner, déi am Moment dës d’Fräihandelsofkommes ofgeleent hunn, gehéiere Frankräich, Éisträich, Holland a Polen. D’EU hat och scho virun dësem neien Ofkommes an de leschte 25 Joer mat de sougenannte Mercosur-Länner Handel bedriwwen.