arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat elektroneschem Assistent: D'Steiererklärung fir d'Joer 2025 kann eragereecht ginn

Steieren

|
reading time

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Mat elektroneschem Assistent: D'Steiererklärung fir d'Joer 2025 kann eragereecht ginn

Zënter en Dënschdeg sinn d'Formulairë fir d'’Steiererklärung vum Joer 2025 disponibel. Bis den 31. Dezember huet de Steierzueler Zäit seng Deklaratioun vum Virjoer anzereechen. 250 Demandë wieren an den éischten dräi Stonne bei der Steierverwaltung agaangen, esou den Direkter Jean-Paul Olinger.

reading time

4 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dpa-tmn | Benjamin Nolte
(Foto: picture alliance / dpa-tmn | Benjamin Nolte)

Zënter 2022 kann ee seng Steiererklärung och mat Hëllef vum sougenannten elektroneschen Assistent maachen. Dee gëtt och all Joer weider ausgebaut. 

De Jean-Paul Olinger rechent domat, datt - wéi all Joer - dee gréissten Deel vun de Contribuabelen hir Steiererklärung am November oder Dezember erareechen. Dobäi goufen d’Prozedure fir et online ze maache weider ausgebaut. Hei géif een och e positiven Trend gesinn, wéi de Jean-Paul Olinger erkläert.

"Bei der digitaler Steiererklärung, also den Trend vum Assistent, dee geet erop. An den Assistent, deen huet och elo de PDF iwwerholl, deen een och kann iwwer myGuichet maachen."

Méisproochegen Assistent

D’Steiererklärung kann een iwwer e PDF-Formulaire, a Pabeier-Form oder eeben och integral online, mat Hëllef vun engem elektroneschen Assistent maachen. Dëse gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch, wéi den Direkter vun der Steierverwaltung seet.

"Dat heescht, wann ee sech iwwer myGuichet aloggt, dat ass e System, dee stellt engem Froen an da muss een op déi Froen äntweren. An da kënnt een esou duerch d'Steiererklärung doduerch."

Dësen Tool géif all Joer weider ausgebaut ginn, esou den Direkter. Bis d'Steierjoer 2028 hofft d’Verwaltung op 85 Prozent digital Steiererklärungen ze kommen. E wäite Wee, well den Ament reechen nach ronn 70 Prozent hir Deklaratioun iwwer Pabeier eran.

Verschidden Donnéeën ausfëlle loossen 

D‘Steierverwaltung versicht awer d‘Leit dozou ze bréngen, den elektronesche Wee ze notzen. Ënner anerem doduerch, datt verschidden Donnéeë schonn am Formulaire ausgefëllt sinn, géif d‘Demarche fir den Demandeur an och fir den Agent, dee se traitéiert, verkierzt ginn.

"Mir sinn och amgaange mat de Banken an den Assurancen ze kucken, fir och beim Vir-Ausfëlle vun den Informatiounen eng Hëllefsstellung vun hinnen ze kréien, fir all déi Bierger, déi en Opt-in maachen." 

Deemno kéint beispillsweis d'Bank oder d'Assurance vum Client d'Informatioun direkt un d'Steierverwaltung weiderginn. 

"Dat huet dann de Virdeel fir déi Bierger, wa si hir Steiererklärung dann d'nächst Joer wëllen ausfëllen, da sinn déi Informatiounen och schonn dran."

Doduerch géifen och manner Saache vergiess ginn, ausgefëllt ze ginn. Allgemeng wier d’Feelerquoten esou méi niddereg. Aner Feeler, wéi datt e Komma falsch gesat ass, oder eng Null ze vill oder ze mann ass, kéinten esou och evitéiert ginn.

Abattement fir Leit, déi nach schaffen, mee an der Pensioun kéinte sinn

Dëst Joer gëllt och en neien Abattement fir Leit déi weiderschaffen, obwuel si schonn d’Recht op eng Pensioun hunn. 

"Dat ass en Abattement, dee spillt säit 2026, an dat, wat do néideg ass, fir déi Deductioun fiskal ze kréien, déi 9.000 Euro kann ausmaache pro Joer oder 750 Euro pro Mount, do ass et fir d'éischt emol wichteg, datt een eligibel ass. 

Et misst een also tëschent 60 a 65 Joer sinn an nach weider schaffe goen, obwuel ee scho kéint an d'Pensioun goen, erkläert de Jean-Paul Olinger. 

"D'Haaptdemarche, déi dofir néideg ass, ass, datt ee vun der CNAP, also der Pensiounskeess e Certificat kritt, deen dat dote bestätegt. A wann een dann dee Certificat huet, da kann een dee bei eis areechen an da kritt een entweeder schonn op denger Steierkaart dat doten ugerechent oder et kritt een et herno ugerechent, wann ee seng Steiererklärung ofgëtt."

Wie beim Ausfëllen online Ënnerstëtzung brauch, kann an de reguläre Schaffzäite bei der Steierverwaltung ënner der Hotline 2475-2475 uruffen, esou nach den Direkter. A wann ee seng Steiererklärung net eréischt den 31. Dezember mécht, da géif een och ganz einfach un een Agent kommen. 

Iwwregens stellt d’Verwaltung weiderhi Leit an, och wann déi Kënschtlech Intelligenz ëmmer méi an den Asaz kënnt. Dat wier engersäits Pensiouns-bedéngt esou den Direkter. Mee och well d’Populatioun zu Lëtzebuerg weider klëmmt - et also méi Steierzueler gëtt - an och fir d’KI ze programméiere bräicht een ëmmer méi Personal.

play_arrow Lauschteren