Bewosst Gesond
Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen
9 min
D’Ernärung am Nepal reflektéiert eng faszinéierend Kombinatioun vu Traditioun, Erausfuerderungen a moderner Entwécklung. Déi traditionell Kichen ass einfach mee närstoffräich, mat Dal Bhat als nationale Plat, deen eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt. Allerdéngs stelle geographesch Konditiounen, Ënnerernärung a Klimawandel d’Land viru grouss Erausfuerderungen.
Zouhuele vum Tourismus an d’Urbaniséierung hunn d’Ernärungsgewunnechte verännert: Fast Food a veraarbecht Liewensmëttel gewannen u Popularitéit, wärend d’Globaliséierung traditionell Platen an de Stied verdrängt. Trotzdem kënne lokal Liewensmëttel eng wichteg Roll fir d’Ernärungssécherheet spillen. Planze wéi Hirse oder Amaranth, déi besser mat klimateschen Erausfuerderunge kloerkommen, ginn an e puer Regioune ugebaut a gefërdert. Esou kéinten dës Liewensmëttel d‘Ofhängegkeet vun Importer reduzéieren an d’Ernärungssécherheet verbesseren.
D’nepaleesesch Kiche weist eis, wéi wichteg eng gutt Balance an d’Benotze vu lokale Produkter ass - eppes wat och zu Lëtzebuerg vu groussem Wäert kéint sinn.
D'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin ass zanter gëschter eréischt ërem vun enger spannender Rees am Nepal, wärend där si sech fir d'Ernärung am Nepal besonnesch interesséiert a recherchéiert huet.
Presentéiert vum
- Angie Maquil