Bewosst Gesond
Ernährung, Darmflora an Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?
Dees Ballaststoffer, Prä- an Probiotika eng gesond Darmflora fërderen, schueden zocker- a fetträich Liewensmëttel der Mikrobiota a begënschtegen chronesch Krankheeten.
Praktesch Tipps weisen, wéi bewosst Ernärung e gesonden Mikrobiom opbaue kann, dee net nëmmen den Immunsystem stäerkt, mee och déi allgeméng Gesondheet verbessert.
Den Daarmmikrobiom huet e groussen Afloss op eis Gesondheet. En ass e richtegen Ökosystem mat dem mir an enger Symbios liewen.
Wann de Mikrobiom am Gläichgewiicht as, produzéiert en honnerte vu Moleküllen, vun deene verschiddener fir eis Gesondheet ganz intressant sinn. Dat ass zb Vitaminn B oder kuerzketteg Fettsaieren déi aus der Fermentatioun vu Ballaststoffer stamen, mee och Serotin, de sougenannten Gléckshormon. Den Darm huet also och en Afloss op eist Gehier.
Mat der Ernärungsberoderin Alexandra Schmit maache mer de Point iwwer Darmflora, Mikrobiom, an hir Versuergung.