Retromania
D'DDR-Kult-a Rock -Band Puhdys
12 min
“Alt wie ein Baum”, “Lebenszeit” oder “Wir wollen die Eisbären sehn”, si just e puer Titele vun der fréierer DDR-Band Puhdys.
Eng Band, déi an der DDR, mee och duerno am vereenten Däitschland, scho Museksgeschicht geschriwwen huet. 2016 hunn déi 5 Puhdys, deemools schonn am Pensiounsalter, sech getrennt.
Viru 55 Joer, am Mäerz 1969, huet d’Kultband hiren éischte Concert gespillt zu Freiberg, enger Stiedchen tëschent Dresden a Karl-Marx-Stadt, wéi dat deemools geheescht huet. D’Puhdys hunn deemools nach op Englesch gesongen, de Coversong an hiren éischten Titel um éischte Concert war “Born to be Wild”.
Dëst Joer krut hire Sänger oder Frontman, wéi een haut seet, Dieter “Maschine” Birr 80 Joer. Hien ass als eenzegen nach ëmmer aktiv, an dat mat sengen 80 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus