Retromania
Marcello Mastroianni: Seng Stäerkte ware Melancholie an Emotioun
8 min
Den Acteur Marcello Mastroianni war ouni Zweiwel e Weltstar, fir Italie war hien awer och ee vun de wéinege männlechen Acteuren, dee sech nieft de Schauspillerinne Sophia Loren, Claudia Cardinale an Gina Lollobrigida am internationale Kino behaapte konnt.
Am Dezember 1996 ass de Marcello Mastroianni zu Paräis gestuerwen. Dëser Deeg denkt de Kino un deen italieenesche “Latin Lover”, well hie virun 100 Joer gebuer gouf.
De Bauerejong koum den 28. September 1924 zu Fontana Liri an Italien op d‘Welt. Seng zwou Stäerkten, déi hien och ëmmer an de Filmer agesat huet: Melancholie an Emotioun. De Jean Claude Majerus erënnert am Kader vun deem Centenaire un den Acteur Marcello Mastroianni.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus