Retromania
Leonard Cohen_ De Song-Poet mat der eenzegaarteger Stëmm
10 min
Lidder ewéi “Suzanne” oder “Hallelujah” hunn aus dem Leonard Cohen schonn zu Liefzäiten eng Legende gemaach, an se gehéieren ouni Zweiwel zu de Klassiker vum Genre.
De Songwriter, Komponist, Lyriker a Meeschter vun der Melancholie Leonard Cohen, hätt am September dëst Joer, den 21. September fir präzis ze sinn, 90 Joer kritt, hien ass awer schonn de 7. November 2016 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.
De Leonard Cohen war e modeste Mënsch deen seng eege Konscht selwer als gudden Duerchschnëtt gesinn an sech mam Titel als “Song-Poet” ni wuel gefillt hutt. De Cohen huet et do éischter mam Serge Gainsbourg gehalen deen sech selwer als e “Pseudo-Poet” tituléiert huet
De Jean Claude Majerus fënnt et awer derwäert a sengem Retromania un dëse bedeitende Museker, Schrëftsteller, an da soe mer et awer, Song-Poet Leonard Cohen ze erënneren.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus