Retromania
Rio Reiser: De Kinnek vun Däitschland
12 min
Et gëtt a « King of Pop » de Michael Jackson, den 8. Januar dëst Joer gouf vum “King of Rock’n’Roll” den Elvis Presley geschwat, deen op deem Dag 90 Joer kritt hätt.
Ma haut geet elo awer riets vum “König von Deutschland” an dat war de Rio Reiser, zu senger Zäit den, loosse mer emol soen, Porte-Parole vun der Berliner Hausbesetzerszeen.
De Kinnek vun Däitschland Rio Reiser war fir den Udo Lindenberg e Pionéier ënnert den däitsche Rockmuseker, dee mat Titele wéi “Keine Macht für Niemand” oder “Macht kaputt was Euch kaputt macht” déi éischt politesch däitsch Songs geschriwwen huet.
Dem Rio Reiser säi risege Potential ass awer vill ze fréi verluer gangen, säin dach wëllt d‘Liewen goung den 20 August 1996 op engem Bauernhaff zu Fresenhagen a Nordfriesland op en Enn, de Rio Reiser hat grad emol 46 Joer.
De 9 Januar also viru 10 Deeg hätt den Rio Reiser, de Kinnek vun Däitschland 75 Joer kritt.
De Jean Claude Majerus denkt déi Kéier a sengem Retromania un de Rio Reiser zeréck
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus