Den 13. Abrëll 2015 war e literaresch-trauregen Ament mam Doud vum däitsche Schrëftsteller, politeschen Intellektuellen a Literaturnobelpräislaureat vun 1999 Günter Grass, an den Dag der Nouvelle vum Doud vum uruguayesche Journalist a Schrëftsteller Eduardo Galeano, engem vun de bedeitendste lénkspolitesch orientéierte Gesellschafts- a Globaliséierungskritiker aus Südamerika.
De Jean Claude Majerus erënnert un de Günter Grass, deen den 13. Abrëll 2015 am Alter vu bal 88 Joer gestuerwen ass. Déi meescht kennen hie wuel duerch seng Romanvirlag fir den oscariséierte Volker Schlöndorff-Film “Die Blechtrommel”.
Dee bedeitende Schrëftsteller krut 1999 de Literaturnobelpräis, 1965 de Georg-Büchner-Präis an 2012 den Titel vum Europäer vum Joer: eleng dat weist d’Bedeitung vum däitschen Auteur, Moler, Grafiker a Skulpteur Günter Grass.