Radioen

On air

9 bis 1  |  James Blake - Thrown Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Au Seuil de l'Avent

Au Seuil de l'Avent

Dëse Weekend gëtt déi renovéiert Haupt-Uergel an der Kathedral ageweit.
headphones

10 min

play_arrow
Musikalesch Energie héich 5

Musikalesch Energie héich 5

Concert de Midi vum Acelga Quintett an der Protestantescher Kierch (25.11.)
headphones

7 min

play_arrow

E musikalesche Kamellekrich

Den 23. November interpretéiert den Ensembel Ars Nova Lux déi nei Kompositioun vun der Carloine Mirkes am CAPE.
headphones

6 min

play_arrow
Sleep Laboratory

Sleep Laboratory

Am Kader vum rainy-days-Festival invitéiert den Ensembel Lucilin op e Concert, dee sech tëscht der virtueller an der reeller Welt beweegt.
headphones

6 min

play_arrow
Ee Projet fir déi nächst Generatioun

Ee Projet fir déi nächst Generatioun

Ofschlossconcert vun der Contemporary Music Academy by Lucilin am Kader vum Rainy Days Festival 2022 (19.11.)
headphones

7 min

play_arrow

Um Ufank war eng Klack

Bei der 9. Editioun vum Concert Odo Sonoritas zu Stolzebuerg steet eng nei gegosse Klack am Mëttelpunkt.
10.000 € Präisgelder an en neien Numm

10.000 € Präisgelder an en neien Numm

De Prix Mameranus geet dëst Joer un de Yanis Grisó an un d'Emma Santini
headphones

7 min

play_arrow

ICMA 2023 - Lëtzebuerg ass mat dobäi

Véier Nominatiounen aus Lëtzebuerg fir d'ICMA 2023
Am Bësch

Am Bësch

De Rainy-Days-Festival proposéiert Kanner eng musikalesch Rees duerch en illustréierte Bësch an der Philharmonie.
headphones

6 min

play_arrow
Ee Perkussioun-Uergel-Duo an der Philharmonie

Ee Perkussioun-Uergel-Duo an der Philharmonie

Concert vum Christoph Sietzen a Christian Schmitt am Kader vum Rainy Days Festival 2022 an der Philharmonie (15.11.)
headphones

9 min

play_arrow
300 Lëtzebuerger Lidder

300 Lëtzebuerger Lidder

De 24. an 25. November gëtt d'Sammlung "De Georgely" am Stued Theater presentéiert.
headphones

7 min

play_arrow
Decouvertë si garantéiert

Decouvertë si garantéiert

D'Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette 2023
headphones

10 min

play_arrow
Just when I thought I'd know you

Just when I thought I'd know you

Installatioun vum Patrick Muller am Kader vum Rainy Days Festival 2022 an der Philharmonie (15.11.-27.11.)
Eng Enzyklopedie vun de Lëtzebuerger Komponistinnen a Komponisten

Eng Enzyklopedie vun de Lëtzebuerger Komponistinnen a Komponisten

Concert-Conférence vun der uni.lu fir de Luxemburger Musiklexikon (14.11.)
headphones

9 min

play_arrow
"Meng Gei ass meng Stëmm"

"Meng Gei ass meng Stëmm"

Concert vun der Geiistin Simone Lamsma am CAPE zesumme mam OPL an dem Dirigent Petr Popelka (10.11.2022)
headphones

8 min

play_arrow
Out of this world

Out of this world

Festival Rainy Days 2022 an der Philharmonie (15.11.-27.11.)
headphones

6 min

play_arrow
De Geiist, dee virun allem Klarinettiste schätzen

De Geiist, dee virun allem Klarinettiste schätzen

Den 9. November 1801 stierft de Carl Stamitz.
headphones

4 min

play_arrow
Mat fënnef Joer fir d'éischt eng Gei an der Hand

Mat fënnef Joer fir d'éischt eng Gei an der Hand

D'Anne-Sophie Mutter zesumme mam Cellist Pablo Ferrández an dem London Philharmonic Orchestra an der Philharmonie (14.11.2022)
headphones

8 min

play_arrow
Mat aacht Organisten duerch d'Nuecht

Mat aacht Organisten duerch d'Nuecht

Den Internationalen Uergelfestival vun Diddeleng invitéiert op e Concert mat fréieren an aktuellen Titularorganisten.
headphones

7 min

play_arrow
Papp vun der Berliner Operette

Papp vun der Berliner Operette

De 7. November 1866 kënnt de Paul Lincke op d'Welt.
headphones

6 min

play_arrow