Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Cultur'all ASBL
Mat engem Kulturpass de Mënsche mat nidderegem Akommes den Zougank zu der Kultur erméiglechen.
Cultur'all ASBL
Mat engem Kulturpass de Mënsche mat nidderegem Akommes den Zougank zu der Kultur erméiglechen.
Filmkritik: "Ferry" (Netflix)
De Gangsterfilm ''Ferry'' vun der flamännescher Realisatrice Cecilia Verheyden ass de Prequel vun der belsch-hollännescher Serie ''Undercover''.
Villa Caprice
Ënner de Filmer, déi d'lescht Woch nei am Kino ugelaf sinn, stécht dëse franséische Thriller vum Bernard Stora, mam Niels Arestrup a Patrick Bruel eraus.
Déi Jonk tëschent Wellbeing a Mental Noise
De Spektakel "Wellbeing - Mental Noise" baséiert op Aussoe vun 160 Lëtzebuerger Lycéesschüler zu de Sujete Wënsch, Ängschten, Perspektiven.
Déi Jonk tëschent Wellbeing a Mental Noise
De Spektakel "Wellbeing - Mental Noise" baséiert op Aussoe vun 160 Lëtzebuerger Lycéesschüler zu de Sujete Wënsch, Ängschten, Perspektiven.
Fraen an der Resistenz
Fraen hate wärend dem Zweete Weltkrich e wichtege Bäitrag an der Resistenz geleescht. Allerdéngs gouf hir Roll - och hei am Land - laang minimiséiert.
![Batty Weber-Präisiwwerreechung un de Pierre Joris](/legacy/images/5491/image-thumb__5491__base_thumbnail/joris.2204512f.jpg)
Batty Weber-Präisiwwerreechung un de Pierre Joris
De literaresche Liewenswee vum Pierre Joris ass zeremoniell geéiert ginn.
Inka & Niclas: d'Lauréate vum EMoP-Award 2021
Der Landschaftsfotografie en neit Liewe ginn: d'Fotografen Inka & Niclas si fir hier Vue op d'Natur mam EMoP-Award 2021 ausgezeechent ginn.
Fraen an der Resistenz
Lëtzebuerger a franséisch Fraen hate wärend dem Zweete Weltkrich e wichtege Bäitrag an der Resistenz geleescht. Hir Roll ass laang minimiséiert ginn.
Joseph Funck - Kleines Schicksal
E Lauschterbuch, gelies vum Steve Karier
De Wee vum Text bis op d'Bün -Teaser
Mierscher Theaterdeeg -Eng Diskussiounsronn am Mierscher Kulturhaus
![Batty Weber-Präisiwwerreechung un de Pierre Joris](/legacy/images/5491/image-thumb__5491__base_thumbnail/joris.2204512f.jpg)