arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Assemblée citoyenne: Entwécklung vun den neie Quartieren an d'Zesummeliewen zu Esch

Gemeng Esch

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Assemblée citoyenne: Entwécklung vun den neie Quartieren an d'Zesummeliewen zu Esch

D’Stad Esch huet aktuell 38.000 Awunner:innen, mat deenen zukünftegen neie Quartiere géif ee bannent deenen nächsten 10 bis 15 Joer op 50.000 Awunner:innen eropgoen. Gëschter war déi éischte Sessioun vun der Assemblée citoyenne an der Escher Gemeng.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Assemblée citoyenne Esch | © Carole Schimmer
Assemblée citoyenne Esch (Foto: Carole Schimmer)

Wéi sollen déi nei Quartieren sech entwéckelen a virun allem, wéi kann een den Zesummenhalt an d’Zesummenliewen zu Esch garantéieren?

Op déi Fro sollen eng 40 Escher:inne sech am Kontext vun enger Assemblée citoyenne zesummesetzen a Propositiounen un de Gemengerot maachen. Partner vun där participativer Consultatioun ass ënner anerem och d‘Uni Lëtzebuerg, déi d‘Auswäertung vun de Resultater wäert realiséieren.

Wie bedeelegt sech un der Escher Assemblée citoyenne?

Et sinn alleguerten Escher:innen. Si hunn zum Deel ënnerschiddlech Originnen a sollen an deenen nächste Woche wärend hirer Fräizäit sech iwwer déi Fro Gedanke maachen: Wéi wëlle mir an Zukunft zesummeliewen am ëffentleche Raum?

Fir den Escher Buergermeeschter Christian Weis ass déi participativ Diskussioun mat de Bierger:innen ëmmer wichteg. 

"Mir hunn déi Chance, datt mir kënnen eng Entwécklung an der Stad maachen. Et ass elo de Moment, fir wierklech nach eng Kéier ze soen, wat brauche mir, wat brauche mir op deenen neie Plazen?" 

Awer och ëm déi scho bestoend Plaze soll et goen, esou de Christian Weis. 

"Fir datt do e gudde Lien, eng gutt Verbindung ass an datt och weiderhin, wéi bis elo, déi Leit, déi hei sinn, och wann et eng grouss Stad ass, awer zesumme gutt hei an der Stad wunnen."

550 Bierger:inne hate sech ugemellt fir bei där Consultatioun derbäi ze sinn. Schlussendlech goufe vun deenen der 40 ausgeloust.

Ëm wéi eng Sujete wäert et goen?

Am Virfeld sinn och d’Thematike festgeluecht ginn, erkläert d'Liz Thielen vun der Firma Snakke and CO, déi sech ëm d’Animatioun vun deenen Ateliere këmmert. Et wier een op eng Rei Sujete komm. 

"Dat ass dat Soziaalt, den Urbanismus am Generellen, den Environnement an d'Gouvernance vu Biergerréit am Generellen. Dat ass eis och ganz wichteg, well dat heiten ass jo awer trotzdeem en zimmlech gewoten Experiment fir Verschiddener."

D'Leit missten awer och kënne matschwätzen, wann et ëm d'Zukunft vun der Assemblée geet. 

"Well och d'Fro fir si erausgesicht gouf. Vläicht hu si jo Iddien, welche Sujeten ee sech misst an Zukunft méi widmen."

Wat wéilte si un hirer Stad änneren, a wat huet si motivéiert, Deel ze huelen? 

Déi 40 Bierger:inne goufen a klenge Gruppen zesummegesat a léiere sech emol ënnertenee kennen.

"Ech sinn zënter éiweg hei zu Esch. Meng ganz Famill wunnt hei zu Esch. Mir sinn no véier Generatiounen. An et geet jo weider. An ech wëll, datt et schéi weidergeet. Och fir meng Enkelkanner." 

Eng aner Persoun fënnt, et wier wichteg, datt all Bierger zu Esch sech wuelfillt. 

"Egal wou een hierkënnt. Datt mir als verschidde Multikulti-Gesellschaft gutt zesumme liewen, an datt keen hannen eroffällt an eiser verwinnter Gesellschaft. Dat géif ech mir fir Esch wierklech dréngend wënschen."

Och jonk Mënschen hu sech bedeelegt. 

"Ech gesinn, datt se hei net genuch sinn - datt mir och matschwätzen an datt mir och eis Iddie matdeelen. Datt mir ëmmer innovativ Weeër fannen, fir hei an der Gemeng Esch an op enger positiver Aart a Weis ze contribuéieren an datt mir dat och ënnerenee mat Respekt maachen."

Fir aner Leit gehéiert déi Bedeelegung dozou. 

"Je fais partie des gens qui s'occupent un peu de la ville et je suis aussi présidente de l‘association Éducation Cap Vert. Je pense que je suis chez moi et c'est normal que je m'investisse." 

Aus deenen Diskussioune ginn Iddien a Suggestiounen zesummegedroen, déi sollen dann dem Gemengerot vun Esch ënnerbreet ginn. Et wier net ausgeschloss, dës Method weiderzeféiere fir aner Sujeten esou nach den Escher Buergermeeschter Christian Weis.

play_arrow Lauschteren