arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Fliger ënnerwee an d'Golfregioun

Krich géint den Iran

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Fliger ënnerwee an d'Golfregioun

Wéi um Fluchportal flightradar ze gesinn ass, ass d‘Luxair Boeing 737-800, déi zënter gëschter am ägypteschen Hurghada stationéiert war, lo de moien um hallwer 9 eiser Zäit a Richtung Golfstaaten ënnerwee – dat fir viraussiichtlech de Rapatriement vu Lëtzebuerger.

headphones

1 min

Luxair | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Luxair (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Gëschter Owend hätt d’Luxair een éischten net-kommerzielle Fliger an d’Regioun zu Hurghada an Ägypte stationéiert, dee jee no Entwécklung vun der Sécherheetslag op der Plaz fir d’Rapatriementer agesat kéint ginn.

Als méiglechen Ausgangspunkt fir Rapatriementsvollen huet den Ausseministère gëschter Owend den Oman genannt.

Prioritéit hätten ënner anerem Famille mat Kanner a Persoune mat gesondheetleche Problemer, esou nach den Ausseministère. Déi Concernéiert géifen esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn.

Gëschter Owend hat den Ausseministère matgedeelt, et géif een zesumme mam Defense- a Mobilitéitsministère esou wéi mat alle betraffenen Acteure verschidde Méiglechkeeten identifizéieren, dorënner Optioune mat Militärfligeren.