Den Arman war frou, wéi hie fir d’éischt dovun héieren huet, datt d’USA an Israel den Iran géifen ugräifen, erzielt hien. Wann ee bedenkt, datt hie Famill a Kolleegen am Iran huet, kléngt dat zimmlech ongewéinlech.
Suergen an Hoffnung gläichzäiteg
D’Hoffnung, datt sech endlech eppes ännert, wier grouss, seet den Arman. Hie war virun eppes méi wéi dräi Joer virum Regimm geflücht an op Lëtzebuerg komm fir hei säin Doktertitel ze maachen.
"Kee ka soen, datt e sech keng Suerge mécht, well et ass e Krich an do ginn et Doudeger. Op der aner Säit hu mir och vill Hoffnung, datt mir endlech eist Land zeréckkréie vu Friemen, déi eist Land an eis Leit als Geisele geholl hunn."
Enger iranescher Studentin, déi anonym wëllt bleiwen, ergeet et änlech. Och si war virum Regimm geflücht fir hei zu Lëtzebuerg ze studéieren. Si wier absolut géint Krich, mee et hätt keng aner Léisung méi ginn, mengt si.
"De Regimm huet eis keen aner Choix gelooss. D’politesch Decisiounen, déi si geholl hunn, hunn d’Land an dës Situatioun bruecht, wou d’Optiounen extreem limitéiert sinn. Vill Leit gesinn, datt et keng aner Méiglechkeet gëtt fir e Regimmwiessel ausser dëse Krich. An d’Leit probéieren hoffnungsvoll ze bleiwen. An ech hunn och Hoffnung, datt um Enn vun dësem schreckleche Krich eppes Guddes erauskënnt."
Komplizéierte Kontakt mat der Famill
Wéinst de villen Attacke mécht d’Studentin sech Suergen ëm hir Famill am Iran. De Kontakt mat hinne wier och nach ëmmer immens komplizéiert.
"Et geet bal just an eng Richtung. Si kënnen eis heiansdo vun dohanne kontaktéieren, mee mir erreeche si net. D’Regierung huet den Accès zum Internet ofgespaart, dofir kréie mir just wéineg Informatiounen."
Well d’Gespréicher mat hirer Famill just kuerz daueren, wier et schwéier sech e richtegt Bild vun der Situatioun am Iran ze maachen, esou d’Studentin weider. D’Leit am Iran hätten dacks just fir puer Minutten Internet fir kënne Messagen ze verschécken, erkläert den Arman.
Leit wëlle prett si fir op d'Stroossen ze goen
Bei de Leit, mat deenen hien a Kontakt ass, géif hien de Moment awer keng Angscht spieren. Trotz den Explosiounen, déi si all Dag géifen héieren, wiere si frou a voller Hoffnung.
"Verschiddener vun hinne sinn nach ëmmer zu Teheran ënner den dauernden Attacke vun Israel an den USA, mee si wëllen Teheran net verloosse fir eng méi sécher Plaz. Si wëllen do sinn a si prett op d’Strooss ze goe fir hiert Land zeréckzehuelen."
Wien den Iran no dem aktuelle Regimm soll uféieren ass ëmstridden. Den Arman erzielt, datt d’Mënschen am Iran just géifen drop waarden, datt de Jong vum fréiere Shah, de Reza Pahlavi, si géif opruffen op d’Strooss ze goen. De Reza Pahlavi sollt och den Iwwergang uféieren.
D’iranescht Vollek géif no him froen an dat missten déi westlech Länner och respektéieren, seet den Arman. Déi iranesch Studentin gesäit de Reza Pahlavi dogéint méi skeptesch.
"Ech mengen hien huet e puer wierklech schlecht Entscheedunge getraff an ech hunn net d’Gefill, datt hien dee richtegen ass nom Wiessel. Fir d’Revolutioun, bis de Regimm wiesselt, ënnerstëtze vill Leit hien an dat ass fir mech ok."
Fräi Wale fir eppes ze änneren
Wien no engem méigleche Regimmwiessel un der Spëtzt vum Iran géif stoen, misst a fräie Walen decidéiert ginn. Do si sech d’Studentin an den Arman eens. Dat wichtegst wier, datt sech iwwerhaapt eppes ännert.
"D’Leit am Iran hu laang Jore gelidden ënner Aarmut, Depressioun an Ënnerdréckung duerch d’Regierung. Et gouf keng Meenungsfräiheet, keng Mënscherechter. An no dëser Transitioun, wëlle mir dat hunn."
Verlaangeren nom Heemechtsland
Den Arman wier den Ament e bëssen traureg, net selwer am Iran bei senge Frënn a senger Famill kënnen ze sinn, mee hie géif mat aneren Iraner:innen zu Lëtzebuerg d’Situatioun genee suivéieren. Sollt et zu engem Regimmwiessel kommen, da wéilt hien op alle Fall och zeréck a seng Heemecht.
"Wat ass besser, wéi an dengem eegene Land ze liewen. Besonnesch wann et den Iran ass."
D’Studentin ass dogéint nach e bësse méi zeréckhalend. Mir brauche Leit, déi hiert Wëssen notze fir d’Land esou séier wéi méiglech nees opzebauen.
"Wann ech d’Gefill hunn, datt ech dat ka maachen, da ginn ech sécher zeréck an hëllefen. Mee wann d’Situatioun esou onsécher ass, datt meng Wäerter a meng Iddien erëm a Gefor sinn, da kann ech net zeréckgoen."
Alle béid hoffe si, datt de Krich net laang dauert, fir datt si esou séier wéier méiglech kënnen zeréck an hiert Heemechtsland. Si schénge sech bewosst, datt et awer nach Méint kéint dauere bis d'Situatioun sech ännere wäert.