90 Prozent vun de Leit, déi d‘lescht Joer op Lëtzebuerg schaffe komm sinn, Immigranten a Frontalieren, sinn net zu Lëtzebuerg gebuer.
Et ass och eng jonk Populatioun, dräi Véierel hu manner wéi 39 Joer.
2024 si ronn 8.200 Persounen op Lëtzebuerg immigréiert, mee hire Profil hätt sech geännert. Et komme manner Leit aus den Nopeschlänner.
Manner wéi d'Hallschent kommen aus den Nopeschlänner
2022 si bal dräi Véierel vun de Primo-arrivanten aus Däitschland, der Belsch a Frankräich komm, Haut maache si mol net méi d‘Hallschent aus. Och déi traditionell Nationalitéite wéi Portugisen, kommen ëmmer manner. Dofir awer komme méi Leit aus net-europäesche Länner heihi fir ze schaffen.
Da sinn 2024 och 15.200 nei Frontalieren an de Grand-Duché schaffe komm, dorënner ëmmer méi Fransousen, awer manner Belsch an Däitscher.
D'Hallschent vun den Awanderer an Awanderinne verloossen d'Land nees no 5 Joer
A wéi engem Secteur d'Leit schaffe géif der Etüd no och vill dovun ofhänken, ob si Frontaliere sinn, oder zu Lëtzebuerg wunnen. Deemno géifen nei Grenzgänger dacks a Secteure schaffen, fir déi manner héich Qualifikatiounen néideg sinn, ewéi Leit, déi agewandert sinn.
Vun deenen Aarbechter:innen, déi op Lëtzebuerg agewandert sinn, géifen 30 Prozent d'Land bannent engem Joer nees verloossen. D'Hallschent géif d'Land no 5 Joer verloossen.
An engem zweete Schrëtt vun der Etüd soll analyséiert ginn, wat d'Mënschen dozou beweegt, op Lëtzebuerg ze kommen. An och, firwat si d'Land nees verloossen.