arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz enttäuscht driwwer, d'Sozialpartner net un een Dësch kritt ze hunn

Sozialdialog

|
reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Marc Spautz enttäuscht driwwer, d'Sozialpartner net un een Dësch kritt ze hunn

Nom Echec bei de Mindestlounverhandlungen weist den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz sech enttäuscht. Et wier him net gelong a sengen éischte Méint als Aarbechtsminister d’Sozialpartner zesummen op en Dësch ze kréien.

reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow
De Marc Spautz, bis elo CSV-Fraktiounschef, vun haut un Aarbechtsminister | © Christiane Kleer
De Marc Spautz, bis elo CSV-Fraktiounschef, vun haut un Aarbechtsminister (Foto: Christiane Kleer)

Dem Marc Spautz wier awer och vun Ufank u bewosst gewiescht, datt d’Verhandlunge mat de Gewerkschafte géife schwiereg ginn. Och wann hie betount, datt d’Regierung nach keng Decisioun zum Mindestloun getraff hätt,weist hie sech iwwer den Echec vu gëschter a sengen éischten dräi Méint als Aarbechtsminister a puncto Sozialdialog enttäuscht.

“Et ass mer net gelonge gewiescht, an deenen 100 Deeg déi dräi Partner zesummen ze bréngen. An elo no deem, wat gëschter geschitt ass, kënnt Der Iech virstellen, dass dat mech net erfreet, well ech nach wie vor der Meenung sinn, datt ee mam am Sozialdialog vill kann erreechen.” 

Internationale Kontext net vergiessen

Wier eng Eenegung fonnt ginn, hätt de Marc Spautz sech kënne virstellen, datt e Freideg am Regierungsrot eng Decisioun hätt kënne geholl ginn. Hie wéilt dem Regierungsrot awer elo net virgräifen, esou nach den Aarbechtsminister.

Et dierft ee senger Meenung no den internationale Kontext net vergiessen.  

"Wou mir och wëssen, dass do och nach aner Mesurë wäerte kommen, well et ass jo och net ausgeschloss, datt nach eng zweet Indextranche kënnt. Et ass zwar elo nach de Moment net esou wäit, mee mir wëssen net, wat op der Strooss vun Hormus geschitt."

Spautz warnt viru Konsequenzen um Aarbechtsmarché

Deemno wéi een de Mindestloun erhéije géif, ouni eng Kompensatioun, géif dat och d'Betriber a Schwieregkeete bréngen, esou de Marc Spautz.

"Dass dofir am Emploi déi negativ Schrauf, wou mir elo scho bei iwwer 21.000 Chômeure sinn, nach kéint an d'Luucht goen."

E Freideg am Regierungsrot géif och éischter nach keng Decisioun geholl ginn, wat d’Mindestloundirektiv ugeet, esou nach de Marc Spautz.

Fir den LCGB-President Patrick Dury ass et iwwerdeems der Regierung hir Schold, datt keng Léisung fonnt gouf.

play_arrow Lauschteren