Et sollen awer och 200 nei Plaze geschaf ginn, wat dann engem Netto-Ofbau vu 400 Plaze géif enstpriechen.
Goodyear huet ee Rationaliséierung-Plang ugeholl, fir seng Käschte-Struktur ze verbesseren. No dëser Annonce huet d’Aktie vum Pneue-Produzent bal ee Prozent bäigewonnen.
Goodyear beschäftegt zéngdausende Leit op der Welt - Och zu Lëtzebuerg
Enn 2025 huet Goodyear 63.000 Leit an 19 Länner beschäftegt, dovu ronn 3.500 zu Lëtzebuerg.