Schwéierpunkt vum Dag
Lissabon: Referendum géint Touristen-Herbegementer
4 min
D'Awunner vu Lissabon organiséieren e Referendum iwwer d'Fro vun den Touristen-Hebergementer an der Stad. An e puer Quartieren, wéi Alfama, representéieren déi bal 60 Prozent vun den disponibelen Appartementer. Dat ass ze vill, sot d’Beweegung fir de Referendum iwwer de Logement. Hir Memberen hunn 9.000 Ënnerschrëfte gesammelt a verlaangen, datt d'Gemengeverwaltung d'Demande ënnersicht. D'Initiativ ass nei. Lissabon schléisst sech domat de Stied un, déi sech géint d’Auswierkunge vum “Iwwertourismus” wieren. E Reportage vun eiser Portugal-Korrespondentin Marie-Line Darcy, déi mat den Organisateuren an den Awunner vun der portugisescher Haaptstad geschwat huet.