Schwéierpunkt vum Dag
Schutz fir d'Kanner viru sexualiséierter Gewalt am Internet
5 min
D’Kanner wieren net genuch geschützt viru sexualiséierter Gewalt am Internet, am Géigendeel, si wieren hir “ausgeliwwert”. Dat sot déi däitsch Mëssbrauchsbeoptragte Kerstin Claus viru gutt zwou Wochen der däitscher Presseagence dpa. Fir dat ze ënnerbannen, missten Online-Plattformen an Zukunft méi an d’Responsabilitéit gezu ginn, fënnt si. Och a Lëtzebuerg géif een déi Tendenz mierken, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit. D’Experte vu BeeSecure, déi sech fir ee sécheren Ëmgang mat digitalen Technologien asetzen, deelen dës Feststellung. Wat stécht hei am Land genee dohannert a wat ka gemaach ginn, fir d’Kanner besser ze schützen?
Presentéiert vum
- Ana Angel