Schwéierpunkt vum Dag
Blozonge beim Mëllechbauer
5 min
D’Blozongekrankheet mécht de Bauere weiderhi Suergen. D’Infektioun, déi iwwer Mécken a Moustiquen iwwerdroe gëtt, betrëfft virun allem Schof a Geessen, a Ranner. Zanter dem 1. August goufen der Veterinärsinspektioun ALVA no ronn 660 Déieren an iwwer 310 Betriber positiv op de Virus getest, mee an den Nopeschlänner sinn d’Bauere schonn zanter Juni domat geplot.
Zu Weiler bei Housen huet de Marc Vaessen säi Bauerenhaff - an och seng Béischten - Mëllechkéi a Schof - si vum Virus betraff. Wéi geet hien domat ëm, a wat sinn d’Konsequenze fir säi Betrib? D’Ana Angel war bei de Bauer op den Haff.
Presentéiert vum
- Ana Angel