Schwéierpunkt vum Dag
/ International Steier-Kooperatioun: D'Länner aus dem globale Süden soe Jo zu enger UN-Konventioun
International Steier-Kooperatioun: D'Länner aus dem globale Süden soe Jo zu enger UN-Konventioun
5 min
Matten am Summerlach gouf zu New York esou eppes wéi eng Revolutioun an d’Weeër geleet - dat behaapten op alle Fall ONGen, déi sech fir eng aner international, eng an hiren Ae méi gerecht Steierpolitik asetzen.
Dee leschte Freideg hu sech bei de Vereenten Natiounen eng Majoritéit vu Länner fir eng global Reform vum aktuelle Steiersystem ausgeschwat. 110 Länner hu fir en Text gestëmmt, an deem d’Konditioune fir eng UN-Steier-Konventioun festgeschriwwe ginn. Zu deene Länner gehéiere bal all déi aus Südamerika oder Afrika. Mat Neen hunn awer grouss Industrienatioune wéi d’USA, Kanada oder Groussbritannie gestëmmt - wärend sech déi europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, enthalen hunn.
Wéi kënnt et, datt dee Grouf tëschent de Länner aus dem sougenannte globale Süden, an deenen aus dem Norden, an dëser Fro esou grouss ass? D’Danièle Weber ass där Fro nogaangen.
Presentéiert vum
- Daniele Weber