Schwéierpunkt vum Dag
Público Brasilien - eng Offer fir d'Brasilianer a Portugal
4 min
Ëmmer méi Brasilianer liewen a Portugal - tëschent 400.000 bis 600.000 Leit. Si sinn eng grouss auslännesch Communautéit an dësem Land mat 10,6 Milliounen Awunner. A fir dës Gemeinschaft ze erreechen, huet eng vun de gréissten Dageszeitungen, de Público, decidéiert de Público Brasilien ze lancéieren. De Pùblico BR ass gratis um Internet ze liesen a wëllt eng breet an ëmfaassend Berichterstattung am Aklang mat sengem grousse Brudder, dem Público, bidden. Eng Aventure, déi just ugefaangen huet, wéi d'Marie-Line Darcy zu Lissabon erzielt.