arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

search / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 19. September 2026

D'Neiegkeete vum 19. September 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Schoulrentrée

D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däitsch gemaach.

Staatsexamen

Wann een no der Schoul beim Staat wëllt schaffe goen, muss een de Staatsexame maachen. Hei sinn elo d‘Reegele geännert ginn. Deen Exame kann ee vun elo un nämlech all Schaffdag am Joer maachen. Bis elo gouf e just zwee oder dräi Mol d’Joer organiséiert. Elo muss een sech och direkt op eng konkret Aarbechtsplaz mellen. Dat war bis elo net esou. Nei ass hei och nach, datt den Exame just 1 Joer laang gutt ass. Bis elo waren et just 5 Joer.

Falsch Diplomer

Eng Firma vu Wolz, d‘Firma DTMD, soll jorelaang eppes gemaach hunn, wat si net duerft: Si soll Masterdiplomer an der Zänntechnologie ausgestallt hunn. Dat huet den däitsche Magasinn Spiegel gemellt. Déi Formatioun hätt wuel en Zertifikat vun enger däitscher Agence gehat. Mee d‘Schoul hätt awer d'Recht net gehat, fir déi Diplomer auszestellen. 500 Leit wiere betraff gewiescht. D‘Privatschoul soll an Tëschenzäit faillite sinn.

Dronen

Da gouf et Enn der Woch nach Opreegung wéinst Dronen, déi an der Géigend vu Miedernach – am Kanton Dikrech – solle gesi gi sinn. De Premier Luc Frieden hat en Donneschdeg déi interministeriell Cellule d'évaluation drones aberuff fir eng Analys vun der Situatioun ze maachen.

Episoden

D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut, Chamber-Rentrée, Neien Arméischef an Tourismus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. September 2026

Dronen iwwer Lëtzebuerg, Kritik un der Regierung, EU-Sanktiouns-Lëscht
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 19. September 2026

Schoulrentrée, Staatsexamen, Falsch Diplomer an Dronen
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 12. September 2026

PISA-Etüd, Reaktioun vum Educatiounsminister Claude Meisch, an Interview mam Serge Wilmes
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026

Tramsstreck, Projet ALPHA, Gefor vu Bränn a Peagen an der Belsch
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026

Eng Bedruchsaffär, Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg, Bilan Observatoire de l’égalité an d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026

Bilan no der Hëtztwell, Architektur an e Geriichturteel
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow