Neiegkeeten vum 16.5.2026
Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang.
An enger Woch wéi dëser, mat engem Feierdag ass dacks eng roueg Aktualitéit. Dat war déi Kéier anescht. En Dënschdeg war nämlech e Rendez-vous dee vu villen Säite genee suivéiert gouf, rieds ass vun der éischter Reunioun vun der Tripartite.
D’Sozialpartner, dat heescht Patronen a Gewerkschaften, souzen dräi Stonne mat der Regierung zesummen. Si hu fir d’éischt gekuckt, wéi d’Situatioun mam Krich am Noen Osten den Ament iwwerhaapt ass. Wann dee Krich nach bis de Summer dauert, da kéinte bannent engem Joer dräi Indextranchen erfalen, dat huet de STATEC ausgerechent. D’Patrone soten, déi Rechnung hätt si erféiert.
D’Gewerkschafte waren och net zefridde well net iwwert déi sozial Situatioun vun de Leit geschwat gouf. Si hunn nach eng Kéier eng Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert.
Richteg Verhandlungen an der Tripartite sinn dann an dräi Wochen, Ufank Juni.
Aus de Lëtzebuerger Schoule koumen dann Zuelen, déi een erféiere kënnen ... Méi wéi 800 Enseignante hunn d’läscht Joer verbal oder kierperlech Gewalt erlieft, dat seet den OGBL/SEW – eng Gewerkschaft vun Enseignanten. An de meeschte Fäll koum d’Gewalt vu Schüler, en Drëttel vun den Enseignanten huet awer och Gewalt vun den Elteren erlieft.
D’Luxair huet hire Bilan vun 2025 presentéiert. Déi Lëtzebuerger Fluggesellschaft huet hei iwwer 2,6 Millioune Passagéier transportéiert, änlech vill wéi dat Joer virdrun. D‘Luxair huet 2025 och 30.000 Flich gemaach, dat waren der awer 1000 manner ewéi 2024. D’Erklärung dofir ass e Wiessel vun der Luxair-Fligerflott.
An et sollt net sinn: Lëtzebuerg steet dëst Joer net an der Final vum Eurovision Song Contest. An der zweeter Halleffinall en Donneschdeg ass d’Eva Marija mat hirem Lidd „Mother Nature“ erausgeflunn. Déi jonk Sängerin an och d’Delegatioun ware ganz enttäuscht. Elo gëtt eng Analyse gemaach, wéi et fir Lëtzebuerg mam ESC weidergeet.