arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong"

De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll."

D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn. 

"Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner. 

Budget 2027: Héich Investitiounen a steierlech Entlaaschtungen

Mir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent. 

Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen. 

Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien. 

D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro.

Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent.

Budget: Kritik vun Oppositioun, OGBL a Mouvement écologique

Déi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht. 

Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen.

D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL.

Episoden

D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026

ILRES-Sondage, Rentrée an der Chamber, Piratepartei a Kannergeld
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

Budget 2027 an d'Kriticke vun der Oppositioun
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut, Chamber-Rentrée, Neien Arméischef an Tourismus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. September 2026

Dronen iwwer Lëtzebuerg, Kritik un der Regierung, EU-Sanktiouns-Lëscht
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 19. September 2026

Schoulrentrée, Staatsexamen, Falsch Diplomer an Dronen
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 12. September 2026

PISA-Etüd, Reaktioun vum Educatiounsminister Claude Meisch, an Interview mam Serge Wilmes
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026

Tramsstreck, Projet ALPHA, Gefor vu Bränn a Peagen an der Belsch
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026

Eng Bedruchsaffär, Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg, Bilan Observatoire de l’égalité an d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026

Bilan no der Hëtztwell, Architektur an e Geriichturteel
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow