arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni

Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch, méindes, hunn d‘Autoritéiten déi héchst Alarmstuf rout wéinst héijen Temperature vun iwwer 30 Grad ausgeruff.

An den Deeg duerno gouf et dunn ëmmer méi waarm. An donneschdes, de 25. Juni, gouf och zu Lëtzebuerg den Temperaturrekord fir de Mount Juni gebrach.

Um Findel gouf eng Temperatur vu 36,3 Grad gemooss. Domadder gouf den ale Juni-Rekord vu 35,4 Grad aus dem Joer 2017 däitlech gebrach.

De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux huet preziséiert: Warscheinlech géif dee Rekord an den Deeg duerno nach eng Kéier gebrach ginn. Fir freides a samschdes waren nämlech Temperature vu bis zu 40 Grad gemellt.

Krisemanagement an enger Krisesituatioun

Hëtztwellen hunn e groussen Impakt op Mënschen, Déieren an Infrastrukturen. A bei enger rouder Warnung besteet eng extreem Gefor.

D‘Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg hunn dowéinst hir Ekippe verstäerkt. All d‘Personal gouf mobiliséiert fir ze hëllefen.

De CGDIS – dat heescht de Rettungsdéngscht – sot, datt d‘Rettungsdéngschter wärend der Hëtztwell vill méi Asätz hate wéi an normalen Zäiten. Do dobäi koum och nach de Nationalfeierdag, den 23. Juni, an d‘Feierlechkeete ronderëm.

De Programm gouf zum Deel ugepasst wéinst der Hëtzt. Zum Beispill ware bei der Militärparad an der Stad dëst Joer kéng Hondsstaffelen dobäi.

D‘Autoritéiten hunn d‘Populatioun reegelméisseg iwwer d‘Gefore vun der Hëtzt gewarnt an de Leit Recommandatioune ginn. Dorënner déi, datt ee vill a reegelméisseg Waasser sollt drénken, a sech esou an ewéi méiglech an der Sonn sollt ophalen.

D‘Spideeler hu sech op eng méiglech Hausse vun den Urgencë virbereet. Besonnesch vulnerabel si bei extreemer Hëtzt ënner anerem eeler Leit a kleng Kanner. 

Kee generellt Schoulfräi wärend der Hëtztwell

Wéinst der Hëtzt hu vill Schoulen zu Lëtzebuerg hir Horairen ugepasst. A ville Gemenge goufen de Schoulunterrecht mëttes ofgesot. All Gemeng huet do fir sech decidéiert. Mee och wann d‘ Schoule mëttes zou bliwwe sinn, gouf en Accueil fir d‘Kanner assuréiert.

Sinn Hëtztwellen déi nei Normalitéit?

Dës Hëtztwell ass net nëmmen extreem intensiv a laang. Si koum och aussergewéinlech fréi, am Juni. An dobäi ass et schonn déi zweet Hëtztwell fir dëst Joer. Déi éischt war jo am Mee, also nach éischter.

Leider gesäit et den Ament net esou aus, wéi wann déi Situatioun an Zukunft besser wäert ginn. De Klimatolog Andrew Ferrone huet an engem Interview mam Radio 100,7 erkläert: Esou laang déi global Ausstéiss vun Zäregaser weider net erof ginn, musse mir an Zukunft mat esou Hëtztwelle wéi elo rechnen.

Hien huet och betount: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, soen Klimatologe schonn zënter Joren, datt extreem Wiederkonditioune, dorënner Hëtztwellen an Iwwerschwemmungen, an Zukunft méi heefeg, méi intensiv a méi laang wäerte ginn.

Episoden

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow