arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Tripartite am Mëttelpunkt

Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi Kéier war et wéinst de Konsequenze vum Krich am Noen Osten, ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser. 

Et gouf dräi Deeg matenee verhandelt an en Donneschdeg gouf et e prinzipiellen Accord. Et si verschidde Mesurë fir 2 Joer decidéiert ginn. Si wäerten de Staat 450 Milliounen Euro kaschten. Domat soll d'Inflatioun gebremst an d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn. Am Konkreete sollen zum Beispill d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum vum Staat subventionéiert ginn. 

Et gouf och eng wichteg Decisioun iwwer de Mindestloun. Et ass ee sech iwwer méi en héije Steierkredit eens: deen, deen de Mindestloun kritt, soll bis den 1. Juli 2027 nieft senger Pai 200 Euro vum Staat bäikréien. Den Ament sinn dat schonn 81 Euro. An Zukunft sollen déi Leit dann nach 120 Euro méi kréien, wéi elo. 

Nom Accord soten d’Gewerkschaften an och d’Patronen, datt d’Diskussiounen an der Tripartite vill besser a méi konstruktiv ware wéi dat, wat een an de leschten 2 Joer erlieft hätt. 

Eng oppe Schwämm op der Kockelscheier

E ganz anert Theema dann: et gëtt scho méi laang d’Iddi fir eng oppe Schwämm an der Stad Lëtzebuerg ze bauen: an déi Iddie gëtt elo méi konkreet. No jorelaange Verhandlungen huet d’Gemeng elo dee leschten Terrain, deen nach gefeelt huet: d’Schwämm soll op d’Kockelscheier kommen. Et soll ee 50 Meter laange Baseng an och e Waasserpark fir Kanner gebaut ginn. Wéini de Bau ufänkt an d’Schwämm opgeet, ass net gewosst. 

Tragescht Kloter-Accident zu Zolwer

Da gouf et dës Woch nach en tragescht Accident an enger Kloterhal zu Zolwer: e Mann ass beim Klotere 7 Meter héich erofgefall a gestuerwen. Hien hat sech mat engem Roboter selwer geséchert: de System hätt och fonctionéiert, sot de Bedreiwer vun der Hal. D’Ursaach vum Accident bleift ze klären.

Episoden

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow