arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Intro

Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op d‘Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Wéinst deem Krich sinn och zu Lëtzebuerg d‘Energiepräisser an d‘Inflatioun geklommen.

Tripartite Accord gouf ënnerschriwwen

D‘Regierung an d‘Sozialpartner, also d‘Gewerkschaften a Patronen, hunn den Tripartite-Accord elo ënnerschriwwen. Do virdru ware si sech iwwer Mesuren eens ginn, fir d‘Inflatioun ze bremsen an d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. D‘Regierung gouf elo weider Detailer bekannt. Ënner anerem ginn d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum fir eng limitéiert Zäit vum Staat subventionéiert. Duerch eng Reduktioun vun den Taxe solle Bensinn an Diesel 5 Cent de Liter méi bëlleg ginn. Den Heizungsmasutt an de Gas solle 15 Cent de Liter manner kaschten. Den Energieminister Lex Delles huet op Kriticke reagéiert, datt domat déi fossil Energië subventionéiert ginn. Hie sot awer, d‘Klimaziler vu Lëtzebuerg wieren net a Gefor. An de Staat géif och d‘Energietransitioun méi fërderen. Déi staatlech Subventioune fir Wärmepompelen, zum Beispill, sollen ëm 2.000 Euro gehéicht ginn.

Genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, seet de Finanzminister

D‘Mesuren, fir de Leit an de Betriber an dëser Kris ze hëllefen, wäerten awer vill kaschten. Tëschent 430 a 450 Milliounen Euro huet de Staat iwwer déi nächst zwee Joer dofir virgesinn. De Finanzminister Gilles Roth huet awer verséchert: De Staat hätt genuch finanzielle Sputt. Et si nämlech méi Steierrecetten erakomm, wéi erwaart, sot de Minister. Bis de Mount Mee krut de Staat 800 Milliounen Euro Steiere méi an d‘Kees, wéi an därselwechter Zäit d‘lescht Joer.

Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten

D‘Lëtzebuerger Arméi hëlleft weider fir ukrainesch Zaldoten auszebilden. Lëtzebuerg verlängert seng Bedeelegung un enger militärescher Ausbildungsmissioun vun der EU fir déi ukrainesch Arméi. D‘Verdeedegungsministerin Yuricko Backes huet confirméiert, datt déi Hëllef ëm weider zwee Joer verlängert gëtt. 

Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak

Den Asyl- an Immigratiounspak vun der EU kann zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. D‘Parlament huet d‘Gesetzer dofir ugeholl. Generell gëtt d‘Immigratiounspolitik an den EU-Länner domat méi restriktiv. Dat huet fir Kriticke gesuergt. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun zu Lëtzebuerg zum Beispill sot, Lëtzebuerg wär ze vill restriktiv a géif hei méi wäit goen, wéi d‘EU et virgesäit.

Episoden

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow