arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Pëtrol: Präisser si geklommen

De Pëtrol gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi deier. Viru 14 Deeg huet de Krich am Iran ugefaangen. An där Zäit ass den Diesel zu Lëtzebuerg schonn ëm 50 Cent de Liter an d’Luucht gaangen. De Präis bleift awer ënner 2 Euro de Liter. Domat ass de Pëtrol hei am Land nach ëmmer méi bëlleg wéi an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg huet dës Woch iwweregens decidéiert, en Deel vu sengen nationale Pëtrolsreserve fräizeginn: iwwer 8.300 Tonnen, wat 1 Prozent vun de Reserven ass. Lëtzebuerg huet national Reserve fir 93 Deeg am Ganzen.

Musel: Pëtrol ass an de Floss gelaf

De leschte Weekend war eng grouss Quantitéit Pëtrol an d’Musel gelaf. Bis d’Enn vun dëser Woch ass net genee gewosst, wou dee Pëtrol hierkoum. Den Hafe vu Mäertert war e Méindeg an en Dënschdeg zougemaach ginn, fir datt de Pëtrol sech net weider ausbreet. Bei der Police gouf eng Plainte wéinst Ëmweltverschmotzung gemaach. 

Ëmweltverschmotzung: Sechs Tonnen Dreck laanscht Flëss fonnt

Bei anere Lëtzebuerger Flëss gëtt et en anere Problem. Et läit ganz vill Dréck un den Uferen. An de leschten zwou Woche gouf eng Botzaktioun laanscht d’Flëss Uelzecht a Kor gemaach. Do goufen am ganze 6 Tonnen Dreck gesammelt. Et si 5.600 Fläschen aus Glas oder Plastik a Béchse fonnt ginn. Dat ass eng Fläsch all 14 Meter am Duerchschnëtt. Dernieft louchen och vill Pneuen, Kleeder a Schong laanscht déi zwee Flëss.

Sozial Medien: Groussen Impakt op Jonker

D’Sozial Medie sinn e wichtegen Deel am Liewe vu Jonken zu Lëtzebuerg. Dat weist e Rapport, deen dës Woch virgestallt gouf. 80 Prozent vu Jonken tëschent 12 an 29 Joer sinn op d’mannst 2 Stonnen den Dag an de Soziale Medien aktiv. Op där anerer Säit géif bei hinnen d’Gefill vun Angscht klammen an dat allgemengt Wuelbefannen ofhuelen. Déi Jonk géifen dacks och manner Fräizäitaktivitéite maachen. Dowéinst hätte si manner Kontakt mat anere Leit, esou de Rapport. 

Fraefussball: Trainer vun Nationalekipp gouf entlooss

Den Dan Santos, Trainer vun der Dammen-Nationalekipp am Fussball, ass entlooss ginn. Dat huet d‘Fussballfederatioun matgedeelt. Verschidde Spillerinnen hätte gemellt, datt si vum Trainer Messagë kruten, déi net korrekt waren. Dofir wier eng weider Zesummenaarbecht mam Trainer elo net méi méiglech, esou d’Fussballfederatioun.

Episod