Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit
No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn alle béid déi zweethéchst Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Gemellt ginn Temperature bis zu 36 Grad iwwer e puer Deeg. Och nuets sollen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad falen.
Dowéinst huet de Gesondheetsministère speziell Mesuren aktivéiert, fir eeler Leit iwwer 75 Joer ze schützen. Besonnesch wa si eleng liewen, schéckt de Ministère Leit bei si heem fir ze kucken, ob alles an der Rei ass. Fir d‘Leit op der Aarbecht virun der Hëtzt ze schützen huet déi zoustänneg Verwaltung ITM den Entreprisë Recommandatioune ginn. Wa Leit dobausse schaffen, misst garantéiert ginn, datt si genuch ze drénken hunn. An et soll opgepasst ginn, datt Leit net ze vill an der Sonn musse schaffen.
D‘Schoule bleiwen trotz der Hëtzt fir elo mol op. Den Educatiounsministère huet awer och de Schouldirektere Recommandatioune geschéckt, fir d‘Kanner virun der Hëtzt ze schützen.
D‘Autoritéiten evaluéieren d‘Situatioun vun der Hëtztwell konstant. Wann néideg, ginn d‘Mesuren ugepasst.
Masken: Juristesch Onsécherheet
Wärend der Covid-Pandemie ware Masken e permanenten Theema. An elo ass de Sujet Masken nees an der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet nämlech am Parlament zouginn: Wann d‘Covid-Gesetz Enn Juni ausleeft, gëtt et eng juristesch Onsécherheet, ob a wéini een eng Mask dierf undoen. Méiglecherweis maache Leit sech da strofbar, wa si eng Mask undoen, zum Beispill aus hygieenesche Grënn. Wéi d‘Gesondheetsministerin sot, ginn dofir elo d‘Reegelen, fir Masken unzedoen, iwwerschafft.
Educatioun: Nei ëffentlech international Schoul zu Schëffleng
Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg hu grousse Succès. Dofir kritt och elo d‘Stad Schëffleng, am Süden, eng ëffentlech Europaschoul, wéi dës Schoulen och nach genannt ginn. D‘Deputéiert hunn de Gesetzesprojet fir dës Schoul am Parlament ugeholl. D‘Schoul soll méi wéi 21 Milliounen Euro kaschten. Et soll e Lycée entstoen, mee och eng Primärschoul an eng Spillschoul.
Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg baséieren um Konzept vun den Europaschoulen. Een Ënnerscheed mat den nationale Schoulen ass, datt d‘Schüler a Schülerinne méi e grousse Choix hunn, d’Sprooch ze wielen, an där d‘Haaptfächer sinn.
Aarbechtsmaart: Leit verloosse Lëtzebuerg well Wunnen deier ass
Auslänner, déi op Lëtzebuerg plënnere well si hei eng Aarbechtsplaz kruten, bleiwen net ganz laang. Dat weist eng nei Etude vum Fuerschungsinstitut LISER. D‘Hallschent vun deenen, déi op Lëtzebuerg koume fir ze schaffen, géifen d‘Land banne fënnef Joer nees verloossen. Den Haaptgrond, fir wat se net méi laang bleiwen, sinn déi héich Loyeren a Wunnkäschten, esou d‘Etüd.