arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeete waren ënner anerem zwee grouss Projeten, engersäits d’Vergréisserung vum Fluchhafen, an anerersäits de Bau vun 11 neie Lycéeën. 

Da war et och d’Nouvelle, dass d’Museksschoul Cavem elo emol nach zou bleift an d’Police huet Vitess kontrolléiert.


Vergréisserung vum Fluchhafen Findel

Um Fluchhafe Findel wäert an nächster Zäit vill gebaut ginn: d’Terminalen A a B gi vergréissert an de Business Aviation Center an de Salon d’Honneur gi renovéiert. An dat am beschten nach virun 2029, da wa Lëtzebuerg d’EU-Presidence iwwerhëlt. D’Zil ass et, dass de Findel 2050 soll kënnen 10 Millioune Passagéier empfänken. Dat sinn der duebel esou vill wéi haut. D‘Aarbechte kaschte Luxairport, de Bedreiwer vum Findel, ronn 1 Milliard Euro, de Lëtzebuerger Staat iwwerhëlt e Fënneftel dovunner, nämlech 200 Milliounen.


Bau vun neie Lycéeën

Bis d’Joer 2050 sollen dann hei am Land och 11 nei Lycéeë gebaut ginn. Et geet een dovunner aus, dass an den nächste 24 Joer 17.500 Schüler bäikommen. Wouhinner déi nei Lycéeë kommen, ass den Ament nach net kloer. Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt awer an alle Regioune vum Land bauen. Esou solle laang Transportweeër fir d’Schüler verhënnert ginn.


D’Museksschoul Cavem bleift zou

D’Museksschoul Cavem ass no der Ouschtervakanz zoubliwwen ... Si ass faillite, de fréieren Direkter ass verschwonnen, 10 Enseignantë wëllen awer mat der Museksschoul weiderfueren. Si mussen dofir nach op eng genee juristesch a finanziell Analys vun der Situatioun waarden. Et hofft een, dass dat séier geet, esou dass fir d’Rentrée am September an der Cavem erëm ka Musek gemaach ginn.


Vitesskontrolle vun der Police

E Mëttwoch hat d’Police e Speedmarathon gemaach. Et gouf op grouss Vitesse kontrolléiert. D’Police huet 300 Protokoller ausgedeelt a 5 Fürerschäiner op der Plaz ofgeholl. Dernieft hunn och déi mobil Radaren nach iwwer 2.230 Mol geblëtzt, well Chaufferen ze séier ënnerwee waren.

Episoden

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow