arrow_back_ios
Mythologesches
Der Iphigenie hiert zweet Liewen
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Dës Woch, an der 17. Episod vum Jean Portante senger Serie Mythologsches, steet, wéi déi lescht Woch, d’Iphigenie am Mëttelpunkt. Si soll jo vum hirem Papp, dem Agamemnon, geopfert ginn, fir dass endlech d’Schëffer vun den Achäer op Troja lasszéie kënnen. Vun deem Mythos gëtt et allerdéngs zwou Versiounen. An där éischter stierft d’Iphigenie, an der zweeter, déi vum Euripides, gëtt si in extremis gerett. An domadder kann d'Iphigenie en zweet Liewe kréien.