Wou ass den Odysseus? Dat ass d’Fro, déi sech, no zwanzeg Joer Ofwiesenheet vum Held, seng Fra Penelope a säi Jong Telemachos stellen, am Ufank vun der “Odyssee”. Fir eng Äntwert ze fanne mécht sech den Telemachos op seng Sich. D’Saach presséiert, well, wann den Odysseus net geschwënn erëmkënnt, da klëmmt ee vun de ville Freiere vun der Penelope op den Troun vun Ithaka. Dat alles an nach vill méi erzielt de Jean Portante an der 36. Episod vu Mythologesches.
arrow_back_ios
Mythologesches
Wou ass den Odysseus?
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min