Wann Dir déi lescht Episode vu Mythologesches gelauschtert hutt, dann hutt Dir bestëmmt net vergiess, datt eigentlech d’”Iliad” eng Erzielung ass, déi vun engem Duell zum anere rhythméiert ass, an deenen déi grouss Helde vu béide Lagere sech bekämpfen, amplaz vun den Arméien. Logescherweis hält deemno d’Buch mat engem leschten, decisiven Zweekampf op, wou sech déi zwou Haaptfigure vum Epos, den Trojaner Hektor an de Griich Achilles, endlich matenee moossen. De Jean Portante erzielt Iech hei, wien do gewanne muss, a firwat.
arrow_back_ios
Mythologesches
De leschten Duell
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min