D’Gëtter vum Olymp sinn net nëmmen d’Zuschauer vum Trojanesche Krich, mee si gräifen an den decisive Momenter an. Déi eng op der Säit vun den Trojaner, déi aner op där vun de Griichen. Dat huet méi mat hire perséinleche Rivalitéiten ze dinn, wéi mat der Sympathie fir dat eent oder anert Lager. Dat géif de Schluechten e gewëssent Gläichgewiicht ginn, wann net den Zeus säi Pefferkär zu Gonschte vun de Trojaner op d’Wo leeë géif …
arrow_back_ios
Mythologesches
Wéi d’Hera den Zeus neutraliséiert
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min