De Jean Portante bleift och an der 29. Episod vu Mythologesches nach ëmmer bei der “Iliad” stoen, déi e Pëtz ouni Buedem ass, wat d’Figuren aus der griichescher Mythologie ugeet, well do praktesch all Gëtter a grouss Helden, déi mir haut kennen, opdauchen. Den 20. Gesank, deen dës Kéier ënner d’Lupp geholl gëtt, ass op ville Pläng kruzial fir d’Schicksal vu béide Säiten am Trojanesche Krich. Den Achilles ass nees zeréck um Schluechtfeld a mat him fléisst vill Blutt. Mee et kënnt och nees zu engem Duell, an zwar tëschent dem Achilles an dem Aeneas - engem Held, deen nach vill Zukunft viru sech huet. Mir sinn also gespaant, wéi dëse Zweekampf ausgeet.
arrow_back_ios
Mythologesches
Dem Achilles säi virleschten Duell
Lauschteren
play_arrow
headphones
12 min